Kannerkëscht Wantergeschicht: De Metty Wollef

An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir Iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren. An dëser Geschicht geet et ëm de Metty Wollef.

Kannerkëscht: 3-6 Joer

Lauschteren


De Metty ass nämlech granzeg, well déi kleng Wëllefcher him ze vill Kaméidi maachen am Haus. Op engem kale Wanterdag mécht hie sech op d'Sich no engem neien Doheem.

Ob dat gutt ausgeet? Et kann een alt schonn esouvill verroden, datt och Wëllef munchmol Angscht an der Däischtert hunn. Et ass eng Geschicht vun a mam Dan Tanson.

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 7-9 Joer
Kannerkëscht

De 6. Dezember ass all Joers op en Neits e grousse Dag fir ganz, ganz vill Kanner. Et ass den Dag, wou de Kleeschen, den Zinniklos kënnt, an och an der Kannerkëscht ass de Kleeschen derbäi.

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

Bei de Researchers Days kënnt dir Experimenter maachen. An der Kannerkëscht gitt dir den Ënnerscheed tëschent Huesen a Kanéngercher gewuer, a mir hunn eng Iddi, wann dir selwer Musek wëllt maachen.

Kannerkëscht 7-9 Joer
Kannerkëscht

Mir sinn elo zu aacht Milliarde Mënschen op der Welt, an der Kannerkëscht erkläre mir, wéi et dozou koum. Mir schwätzen iwwer d'Ënnerscheeder tëschent de, Wollef an dem Fuuss, a villes méi!

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

Mat Mathematik op eng spilleresch ëmgoen, dat ass d'Zil vun der Plattform mathematic.lu. Da schwätzt de Philippe aus dem Naturmusée iwwer Dinosaurier. An d'Michèle vum FNR erkläert, firwat eng Schmier ëmmer op d'Bottersäit fällt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen