Nei Mathematik-Plattform
D'Mathematik mécht Spaass, dat héiert ee wuel net esou dacks, ass awer wouer. A wéi een elo op eng flott an interaktiv Manéier ka mat Zuelen hantéieren, dofir steet d'Plattform MathemaTIC.
D'Frauke an de Filip vum Script erklären iech déi ganz vill Méiglechkeete vu mathematic.lu. An wann dir Froen hutt, kënnt dir si och direkt iwwer d'E-Mail mathematic@script.lu erreechen.
Dinosaurier am Naturmusée
Wann dir dat Wuert Dinosaurier héiert, da spëtzt dir bestëmmt direkt d'Oueren an dir wëllt wëssen, ëm wat et geet. Dinosaurier sinn dach esou eppes Intressantes an och wa se scho viru ronn 65 Millioune Joer ausgestuerwe sinn, intresséiere sech Mënschen och nach haut dofir.
De Philippe Jeitz aus dem Naturmusée erzielt iech vun den Dinosaurier, a seet iech och wat dir ronderëm d'Dinoen alles am Naturmusée kënnt fannen.
Experiment mat enger Botterschmier
An och dës Kéier ass d'Michèle vum Fond National de Recherche op Besuch mat enger Affär, déi dir bestëmmt schonn all erlieft hutt. Huelt emol un, dir hutt iech eng Botterschmier gemaach, an déi fält vum Dësch - dann ass et bal sécher, datt d'Schmier um Buedem natierlech op der Bottersäit lant.
Mee firwat ass dat esou? D'Michèle huet dozou en Experiment.
An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht!