Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Zongebatterie, Cybermobbing a Kiischten mat Waasser

Kannerkëscht

Eng Zongebatterie, Cybermobbing a Kiischten mat Waasser

Am Experiment proposéiert de Joseph Rodesch vum FNR (Fond National de Recherche) Iech, wéi mir eng Zongebatterie maachen.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Mir hunn och nees eng Miniredaktioun vum Script op Besuch an der Kannerkëscht. Déi Kéier ass et d'Klass C 4.1 vum André Mahr aus der Grondschoul "Billek" vun der Dräibuer a si hu sech als Thema de "Cybermobbing" eraus gesicht.

Huet schonn eng Kéier een Iech gesot: "Wanns de Kiischten ëss, dann dierfs du dono kee Waasser drénken, soss kriss de de Bauch wéi." Jo! Neen! Et ass egal, d'Fro ass op dat elo Richteg oder Falsch ass? An der Kannerkëscht gitt dir gewuer, op dat mat de Kiischten a mam Waasser elo eng Realitéit oder eng Seechen ass.

An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht