Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ E Liesconcours, e Chrëschtlidd, d'Natur an de Leidenfrost-Effekt

Kannerkëscht

E Liesconcours, e Chrëschtlidd, d'Natur an de Leidenfrost-Effekt

D'Liesen ass en Zäitverdreif wéi et der vill ginn. Mee et kënnt awer net nëmmen drop u wat ee liest, mee och wéi een et liest. An dofir presentéiert d'Nathalie vum Script iech e Liesconcours, wou den Theema "Gléck" ass.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Och wann et sech komplizéiert unhéiert, ass et dat awer net. De Joseph erkläert iech déi Kéier mat sengem Experiment, wat de sougenannte "Leidenfrost-Effelt" ass. A gleeft roueg, dir hutt deen Effekt bestëmmt scho gesinn, mee de Joseph erkläert iech dat alles.

Dir kennt jo och bestëmmt dat Chrëschtlidd Nacht, Heilige Nacht", eent vun de bekanntste Chrëschtlidder op der ganzer Welt. An dëser Kannerkëscht erziele mir iech, wou dat Lidd iwwerhaapt hir kënnt, an datt et um Ufank och éischter en Friddenslidd war.

Aus dem Naturmusée hunn mer dann d'Joy Mentgen op Besuch, a mam Joy beschäftege mir eis mat der Fro firwat mir iwwerhaapt d'Natur brauchen.