Kannerkëscht E Liesconcours, e Chrëschtlidd, d'Natur an de Leidenfrost-Effekt

D'Liesen ass en Zäitverdreif wéi et der vill ginn. Mee et kënnt awer net nëmmen drop u wat ee liest, mee och wéi een et liest. An dofir presentéiert d'Nathalie vum Script iech e Liesconcours, wou den Theema "Gléck" ass.

Kannerkëscht: 10-12 Joer

Lauschteren


Och wann et sech komplizéiert unhéiert, ass et dat awer net. De Joseph erkläert iech déi Kéier mat sengem Experiment, wat de sougenannte "Leidenfrost-Effelt" ass. A gleeft roueg, dir hutt deen Effekt bestëmmt scho gesinn, mee de Joseph erkläert iech dat alles.

Dir kennt jo och bestëmmt dat Chrëschtlidd Nacht, Heilige Nacht", eent vun de bekanntste Chrëschtlidder op der ganzer Welt. An dëser Kannerkëscht erziele mir iech, wou dat Lidd iwwerhaapt hir kënnt, an datt et um Ufank och éischter en Friddenslidd war.

Aus dem Naturmusée hunn mer dann d'Joy Mentgen op Besuch, a mam Joy beschäftege mir eis mat der Fro firwat mir iwwerhaapt d'Natur brauchen.

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 7-9 Joer
Kannerkëscht

Vill Leit wënsche sech wäiss Chrëschtdeeg: Schnéi ass ëmmer eng Freed, awer net fir jiddwereen. De Fuuss brauch fir d'éischt en Haus, fir doraus eng Paschtéit ze maachen.

Kannerkëscht: 7-9 Joer
Kannerkëscht

An der Kannerkëscht proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren. An dëser Geschicht geet et ëm de Roude Kueder.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen