Normalerweis fänkt den Hierscht op eise Kalenner den 22. oder 23. September un, dogéint soen d'Wiederexpert:innen, dat si Meteorolog:innen, awer, datt den Hierscht schonn den éischte September ufänkt. A firwat ass dat dann esou?
De Mister Science ass scho prett fir en neit Experiment, wou et ëm en Apel, e Messer an en Hummer geet. Wat déi dräi Saachen elo matenee ze dinn, erkläert de Joseph a sengem Experiment.
D'Muriel Klein aus dem Naturmusée zielt iwwer den Hierscht, an do iwwer d'Blieder, déi doruechter leien.
An déi Blieder soll een am beschten och leie loossen, well vill Déiere soen dofir e grousse Merci.
Um Enn geet et ëm d'Geschicht vun zwee Lausbouwen, déi de däitsche Kannerbuchschrëftsteller Wilhelm Busch scho virun iwwer 150 Joer geschriwwen huet.
Et sinn d'Spiichte vun den zwee Lausbouwe Max a Moritz. Eng Geschicht, déi bal op der ganzer Welt bekannt ass, an déi an iwwer 190 Sproochen iwwersat gouf, esouguer op Lëtzebuergesch.