Radioen

On air

Al Schanken  |  The Resentments - Nobody Gets Hurt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Dag, wou den Terminator vum Muckel Mierschwäin ageotemt gouf

Kannerkëscht

Den Dag, wou den Terminator vum Muckel Mierschwäin ageotemt gouf

An der neier Geschicht vum Anja Di Bartolomeo fanne mir d'Mia a säi Mierschwéngche Muckel an den Haaptrollen. Et ass dee leschten Dag virun der Vakanz, wou jo meeschtens an der Schoul net méi esou vill gemaach gëtt. Beim Mia an der Klass ass dat och esou. Mä ee Schüler dierf um leschte Schouldag souguer säin Hausdéier mat bréngen. An de Choix ass déi Kéier op de Muckel dem Mia säin Mierschwéngchen gefall.

auto_stories

4 min

Den Dag, wou den Terminator vum Muckel Mierschwäin ageotemt gouf - Deel 1

An der neier Geschicht vum Anja Di Bartolomeo fanne mir d'Mia a säi Mierschwéngche Muckel an den Haaptrollen. Et ass dee leschten Dag virun der Vakanz, wou jo meeschtens an der Schoul net méi esou vill gemaach gëtt. Beim Mia an der Klass ass dat och esou. Mä ee Schüler dierf um leschte Schouldag souguer säin Hausdéier mat bréngen. An de Choix ass déi Kéier op de Muckel dem Mia säin Mierschwéngchen gefall.

D'Mia ass natierlech immens frou doriwwer, an et ass sech ganz sécher datt dëst bestëmmt de perfekten Dag gëtt, wann...jo, wann do net hire Mathé-Proff wier. Dir kënnt gespaant sinn am éischten Deel vum Anja senger Geschicht "Den Dag, wou den Terminator vum Muckel Mierschwäin ageotemt gouf".

Deel 1play_arrow


Den Dag, wou den Terminator vum Muckel Mierschwäin ageotemt gouf - Deel 2

D'Mia ass immens frou datt hatt de Muckel säi Mierschwéngchen dierf mat an d'Schoul huelen. Et soll de perfekten Dag dëse leschte Schouldag virun der Vakanz. D'Mia ass scho ganz opgereegt, nach eng Stonn dann huet d'Klass Bio bei der Madamm Schmitt an da kënnt dem Muckel säi groussen Optrëtt. Just déi grouss Spaassbrems ass, datt se virun der Bio nach Mathé beim Pierre-Jérôme Meier hunn. Mä am zweeten Deel vum Anja Di Bartolomeo senger Geschicht "Den Dag, wou den Terminator vum Muckel Mierschwäin ageotemt gouf" kënnt et awer anescht wéi d'Mia gehofft an sech gewënscht huet.

Deel 2play_arrow


Den Dag, wou den Terminator vum Muckel Mierschwäin ageotemt gouf - Deel 3

Den Här Pierre-Jérôme Meier, dem Mia säi Mathésproff reegt sech schrecklech op, dat d'Schüler kee Niveau hätten a keng Mathé kënnen. D'Mia ass frou dat de Muckel, säi Mierschwäin a sengem Käfeg fest an déif schléift. De Här Meier jäitz a roost duerch Klass bis en op emol vu engem haarde Kaméidi ënnerbrach gëtt, de Muckel ass erwächt. An den Här Meier gëtt nach méi rosen, wou en de Muckel bis gesinn huet an e nennt de Muckel esou Stroosserat. Am drëtten Deel vum Anja Di Bartolomeo senger Geschicht Geschicht "Den Dag, wou den Terminator vum Muckel Mierschwäin ageotemt gouf" wier et wuel besser gewiescht de Muckel hätt weider geschlof, an den Här Pierre-Jérôme Meier hätt de Muckel net gesinn.

Deel 3play_arrow


Den Dag, wou den Terminator vum Muckel Mierschwäin ageotemt gouf - Deel 4

Dem Mia säi Mathéproff, den Här Pierre-Jérôme Meier ass am Mierschwäin Muckel sengem Nueslach verschwonnen. D'Mia versteet net richteg wat elo geschitt ass, och wann et sech gewënscht huet den Här Meier soll verschwannen. Elo ass fort! Mä de Muckel huet zanter deem hien de n Här Meier ageotemt huet ganz komesch Reaktiounen. De Muckel zielt seng Kären a mat senge Chicons Blieder huet en Dräiecker geluecht. D'Mia weess net wat et soll maachen, mä eent ass kloer, si mussen den Här Meier nees aus dem Muckel eraus kréien. Mer kommen dann elo bei den véierten Deel vum Anja Di Bartolomeo senger Geschicht "Den Dag, wou den Terminator vum Muckel Mierschwäin ageotemt gouf", an da kréie se och nach an der Klass Besuch, dee se grad elo net brauchen.

Deel 4play_arrow


Den Dag, wou den Terminator vum Muckel Mierschwäin ageotemt gouf - Deel 5

Dem Mia säi Schouldirekter ass grad deen Ament komm, wou se iwwerluecht hunn wéi si hiren Mathésproff den Här Meier, nees aus dem Mierschwäin Muckel sengem Nueslach sollen eraus kréien. Den Direkter wonnert sech zwar datt d'Schüler kee Cour hunn, mä gëtt sech awer zefridden mat der Informatioun datt den Här Meier bis op d'Toilette ass. Wat awer elo maachen? Do gëtt et just een deen hëllefen kann, dem Mia säi Klassekomerod Jean-Michel, e Genie an der Mathé grad ewéi an der Physik, dee selwer seet datt hien en "Esprit scientifique" huet. De Jean Michel schreift d'Tafel voll mat Zuelen, Klameren, Brochzuelen. Mee soll dat eppes ginn? Dat gitt der elo am fënneften a leschten Deel vun der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Den Dag, wou den Terminator vum Muckel Mierschwäin ageotemt gouf" gewuer. Nach emol Vill Spaass beim Lauschteren!

Deel 5play_arrow