Kannerkëscht Dem Här a Madamm Schouster hire schéinste Chrëschtdag

Léif Kanner, wann dir iech emol flott unditt, eng schéi Blus oder e flott Hiem, eng zackeg Box oder e galante Rack, passt der dann och op, wéi eng Schong der dobäi unditt?

Kannerkëscht: 7-9 Joer

Lauschteren


Am Dan Tanson senger Wantergeschicht, déi der elo kënnt lauschteren, geet et ëm Schong. Well, wien ass dat, deen dem Här a Madamm Schouster déi schéinste Puer Schong bitzt? Wie mécht déi butzegkleng Stéch? Déi reng Lieders-Aarbecht?

Jiddefalls erliewen déi zwee hire schéinste Chrëschtdag. Vill Spaass beim Nolauschteren

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 3-6 Joer
Kannerkëscht

Den Dan Tanson huet elo eng Geschicht fir iech derbäi, wou eng Moul am Mëttelpunkt steet: dem Bop seng Moul! Dir wäert iech wonneren, firwat esou eng Moul ka gutt sinn.

Kannerkëscht: 7-9 Joer
Kannerkëscht

Vill Leit wënsche sech wäiss Chrëschtdeeg: Schnéi ass ëmmer eng Freed, awer net fir jiddwereen. De Fuuss brauch fir d'éischt en Haus, fir doraus eng Paschtéit ze maachen.

Kannerkëscht: 7-9 Joer
Kannerkëscht

An der Kannerkëscht proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren. An dëser Geschicht geet et ëm de Roude Kueder.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Popfilter

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Den Nomëtteg

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen