All Objet op dëser Welt huet e Schwéierpunkt, och d'Mënschen. Mee wat ass dee Schwéierpunkt a wéi fënnt een dee Schwéierpunkt?
Dofir hu mir de Mister Science an der Kannerkëscht. An de Joseph erkläert iech haut, wat de Schwéierpunkt iwwerhaapt ass.
Mat engem Experiment, wou e Biischtestill d'Haaptroll spillt, weist de Joseph iech, wéi een den Schwéierpunkt fënnt. Dat Experiment kënnt dir iech och op Science.lu ukucken.
Aliens (och zu Lëtzebuerg)
D'Monique Kirsch aus dem Naturmusée schwätz iech iwwer Aliens an der Natur, och zu Lëtzebuerg.
Dat sinn Planzen oder Déieren, déi een an der Natur fënnt, déi awer net op déi Plaz passen, wou se sinn, also net do doheem sinn.
D'Geschicht vum Pluto
Wann der elo de Numm Pluto héiert: Richteg, da kënnt der un de Zwergplanéiet Pluto denken, dat ass absolut richteg.
Et kann een awer och un de Walt Disney denken, deen ënner senge Figuren en Mupp hat, deen och Pluto heescht. Ee ganz sympatheschen Mupp mat senger laanger Zong a senge Schlappoueren.