An natierlech hëlt de Pit säi Kolleeg de Mukami mat zelten, just de Mukami weess net wat hien esou richteg erwaard. Maja genee dat gitt der elo an der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht: "De Mukami geet zelten" gewuer.
An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "De Mukami geet zelten" sinn d'Scouten, a mat hinnen och de Pit, am Zeltlager ukomm an et war um éischten Dag schonn esou vill Opreegung an Action, datt Scoute midd sinn, datt si nach just an hir Zelter krauchen, sech an hir Schlofsäck kuschelen, an engem nom aneren an och dem Pit falen d'Aen zou.
Just een ass hellwakereg: de Mukami. De Mukami sëtzt sech du virun d'Zelt a wëll d'Natur kucken an der Hoffnung, dann och anzeschlofen. Mee esou eng Nuecht dobaussen an der Natur ass anescht wéi doheem an der Kummer.
Mengt dir, datt de Mukami e bëssen Angscht eleng dobaussen huet? Dat gitt der elo am zweeten Deel vun der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "de Mukami geet zelten" gewuer.
Mir wënschen Iech vill Spaass!