Salut Kanner! Dir kennt dach bestëmmt all de Mont Blanc, den héchste Bierg an den Alpen. Ee Bierg, deen tëscht Frankräich an Italie läit. Wéini mengt dir, datt déi éischt Mënsche ganz uewen op der Spëtzt vum Mont Blanc stoungen?
Dat sinn ewell schonn iwwer 225 Joer hir, a wéi dat deemools gaangen ass, erzielt de Jean Claude Majerus iech an der Kannerkëscht.
Da maachen mir nach en Tour an de Naturmusée an de Stadgronn, wou mir iech de Pygmy virstellen. De Pygmy ass en Zwergflosspäerd, a wat de Pygmy mat Walen, deenen zolitten Déieren am Mier ze dinn huet, gitt der och an der Kannerkëscht gewuer.
Am Experiment weist d'Michèle Weber vu Science.lu iech, wat ee mat engem Whiteboard-Marker an engem Teller alles maachen kann.