Kannerkëscht De Kleeschen, d'Schléifer, eng Orange a Bicher

De 6. Dezember ass all Joers op en Neits e grousse Dag fir ganz, ganz vill Kanner. Et ass den Dag, wou de Kleeschen, den Zinniklos kënnt, an och an der Kannerkëscht ass de Kleeschen derbäi.

Kannerkëscht: 7-9 Joer

Lauschteren


De Kleeschen, do fonkelen d'Kanneraen, an och vill Erwuessener hunn deen Dag och gären. De Kleeschen ass jo awer net ëmmer eleng ënnerwee, de Houseker ass dacks derbäi, an iwwer dat alles schwätze mer fir unzefänken an ärer Kannerkëscht.

De Joseph huet iech en Experiment matbruecht, wou deen dach tatsächlech seet, datt ee mat enger Orang, oder besser gesot mat der Schuel vun der Orangen ee Loftballon un d'platze kritt. Wat mengt dir? Geet dat?

D'Françoise aus dem Naturmusée hëlt eis mat an de Bongert an erzielt eis iwwer Déieren, déi een am Bongert fënnt, an déi heesche Schléifer.

An d'Nathalie vum Script huet Bicher mat Geschichten derbäi a ganz besonnesch Geschichten, nämlech fantastesche Geschichten.

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

Bei de Researchers Days kënnt dir Experimenter maachen. An der Kannerkëscht gitt dir den Ënnerscheed tëschent Huesen a Kanéngercher gewuer, a mir hunn eng Iddi, wann dir selwer Musek wëllt maachen.

Kannerkëscht 7-9 Joer
Kannerkëscht

Mir sinn elo zu aacht Milliarde Mënschen op der Welt, an der Kannerkëscht erkläre mir, wéi et dozou koum. Mir schwätzen iwwer d'Ënnerscheeder tëschent de, Wollef an dem Fuuss, a villes méi!

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen