Radioen

On air

Tockcity  |  Hotline TNT - Stump

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Jos fënnt Ouschtere blöd

Kannerkëscht

De Jos fënnt Ouschtere blöd

Dir kennt jo well dem Anja Di Bartolomeo seng Geschichten, wou de klenge Lausbouf Jos am Mëttelpunkt steet. Vläicht erënnert dir iech nach un dem Jos seng Aventurë mam Kleeschen an der Corona-Zäit, oder wéi de Jos Halloween erlieft huet. Elo geet et an eiser Geschicht ëm eppes aanechters, nämlech ëm d'Ouschtervakanz.

auto_stories

6 min

De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 1

Dir sidd jo den Ament an der Päischtvakanz a mir proposéieren iech eng Geschicht, wou de Jos eemol zeréck un déi Vakanz virdrun denkt, nämlech d'Ouschtervakanz.

Dir gehéiert bestëmmt och zu de Kanner, déi sech all Joer op Ouschtere freeën? Mee beim Jos ass dat anescht. De Jos fënnt Ouschtere blöd, a wéinst senger kéint een Ouschtere roueg ofschafen. Besonnesch och, well de Jos vu sengen Ouschter-Kaddoen all Joer immens genervt ass.

Kommt mir lauschteren awer eemol, wéi de Jos dann dëst Joer Ouschteren erlieft huet mat der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht: "Ouschteren ass blöd".

Ouschteren ass blöd - 1. Deelplay_arrow


De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 2

An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht vum Jos, deen u seng Ouschtervakanz zeréck denkt, well hien Ouschteren net leide kann, wësse mir, datt de Jos esou gäre géif an den Europa-Park goen, fir sech do e ganzen Dag op den Achterbunnen ze ameséieren. Mee seng Mamm ass do strikt dogéint. Si fënnt all déi Parken null.

An och datt dem Jos sengen zwee Kolleege Pit a Paul hir Elteren hien eng Kéier géife mat an den Europa-Park huelen, kann hie sech ofschminken. Well de Jos dach e klenge Lausbouf ass an der ëmmer nees gären zesumme mam Pit a mam Paul stiicht, an dofir mengen deenen hir Elteren, de Jos hätt e schlechten Afloss op hir Bouwen. Mee de Jos duerft awer an der Ouschtervakanz bei de Bop an d'Nona goen, wat fir hien deen eenzegen Highlight ronderëm Ouschteren ass.

Ouschteren ass blöd - 2. Deelplay_arrow


De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 3

An et geet et weider am Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Ouschteren ass blöd!" mam Jos, deen, an dat wësse mir ewell, net nëmmen Ouschteren allgemeng blöd fënnt, mee och den Ouschterhues geet him op d'Schlappen. Besonnesch, well hien doheem vum "Ouschterhuesi" nëmme pedagogesch wäertvoll Kaddoe kritt.

Am beschten ass, mengt de Jos, Ouschteren ofzeschafen, awer d'Vakanz soll bleiwen, an déi kann een dann einfach "Abrëlls-Vakanz" nennen. An den Ouschterhues soll sech ëmschoule loossen, seet de Jos. Hie kéint jo zum Beispill "Maskottchen" vum Europapark ginn.

A scho si mir nees do ukomm, an dir kënnt iech virstellen, de Jos huet d'Flemm! A wéi grouss seng Flemm ass, héiert dir elo am drëtten Deel vun eiser Ouschter-Geschicht.

Ouschteren ass blöd - 3. Deelplay_arrow


De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 4

An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Ouschteren ass blöd" gouf et déi grouss Iwwerraschung: Et gëtt awer eng Méiglechkeet fir de Jos an den Europapark ze fueren an esou guer véier Ticketen ze gewannen. An dofir brauch de Jos nëmme bei der "grousser Chasse aux Oeufs um Schlass" dat gëllent Ee ze fannen, dat Comtesse all Joer verstoppt.

De Jos gesäit sech schonn als de "Golden Egg Winner 2022". Mee dat ass méi einfach gesot, wéi gemaach. De Jos huet awer d'Iddi. De Bop muss him hëllefen an hie rifft dem Bop och direkt un, an do geet d'Geschicht dann hei weider.

Ouschteren ass blöd - 4. Deelplay_arrow


De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 5

An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Ouschteren ass blöd!" huet de Jos jo elo awer eng Méiglechkeet fonnt fir eventuell an den Europa-Park kënnen ze goen. Well wéi all Joers organiséiert d'Comtesse hir "Grouss Chasse aux Oeufs um Schlass", wou et dorëms geet e gëllent Ee ze fannen, an da véier Tickete fir an den Europapark ze gewannen.

De Jos ass Feier a Flam an huet de Bop fir Hëllef gefrot, an dee wosst genee, wat maachen. De Bop huet eng Fälschung vun engem gëllenen Ee gebastelt, an domat wëlle si de Concours gewannen. Et war jo kloer, datt de Bop wosst, wat maachen. An de Jos huet et jo och fäerdeg bruecht d'Nona aus der Course ze huelen, datt si net mat hinnen op d'Schlass geet, a si esou net bei der Ëmsetzung vun hirem Plang stéiert. Et ass esou wäit, just eben de Bop an deem bizare Kostüm, a wat bedeit dat elo.

Ouschteren ass blöd - 5. Deelplay_arrow


De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 6

An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Ouschteren ass blöd!" huet de Jos elo awer eng Méiglechkeet fonnt fir an der Europapark ze kommen, si mussen nämlech der Comtesse hir "grouss Chasse aux oeufs um Schlass" gewannen, an dofir huet de Bop sech e Plang ausgeduecht. Hien huet e gëllent Ee, wat ee muss fanne fir déi grouss Eeërsich ze gewannen, selwer gebastelt an elo probéiere si dann an de Park vum Schlass eranzekommen. De Bop dee mengt nach, elo kéint si näischt méi ophalen, mee da kënnt déi grouss Enttäuschung...

Ouschteren ass blöd - 6. Deelplay_arrow


De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 7

An der Anja Di Bartolomeo hirer Ouschtergeschicht si mir elo op der leschter Ligne droite. Bréngen de Jos an de Bop et fäerdeg déi "grouss Chasse aux oeufs am Schlass" ze gewannen an d'Comtesse mat hirem selwer-gebasteltem gëllenen Ee op d'A ze drécken? A wou ass dann d'Nona an där ganzer Geschicht? Et huet ee well laang näischt méi vun hir héieren.

D'Spannung ass deemno grouss. An elo dann de Schluss vum Jos senger Ouschter-Saga, an da gi mir sécher gewuer, ob de Jos Ouschteren nach ëmmer blöd fënnt, a virun Allem och, ob dat mam Park klappt.

Ouschteren ass blöd - 7. Deelplay_arrow