Kannerkëscht De Jos a säi Wichtelalpdram: Deel 3

Am drëtten Deel vun der Anja Di Bartolomeo hirer Chrëschtdagsgeschicht "De Jos a säi Wichtelalpdram" huet Jos acceptéiert, dem Nora säi Wichtelkaddo ze sinn. Zesummen treffe si sech mam Anne Sophie.

Kannerkëscht: 10-12 Joer

Lauschteren


De Jos huet acceptéiert, dem Nora säi Wichtelkaddo ze sinn, an d'Nora huet him nach gesot, wéi hie sech beim Anne Sophie behuele muss.

De Jos huet sech beim Pit e Kostüm geléint mat enger Krawatt an en huet dem Pit verzielt, e bräicht de Kostüm well seng Famill, d'Martinoen aus Italien, op Besuch kommen, an dat wiere richteg Mafiosaen, sou wéi am Film.

Wann een do kee Kostüm unhuet, da géif ee Problemer kréien.

D'Nora huet mam Jos de Bus geholl fir op de Rendezvous mam Anne Sophie ze fueren. Ënnerwee denkt de Jos nach, firwat en dat mécht, en huet schonn d'Flemm, mee dann denkt en awer un Videospill.

Da klamme si op der Bushaltestell eraus, an op eemol weist d'Nora an d'Richtung vum Zeitungsbuttek a seet zum Jos: Hei, do ass et....

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

Mir proposéieren iech den zweeten Deel vun der Chrëschtdagsgeschicht "De Jos a säi Wichtelalpdram". Et geet ëm de Jos a seng Schwëster, d'Nora, dat kuerz viru Chrëschtdag op eemol léif mat him ass.

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

D'Anja Di Bartolomeo huet iech fir an d'Kannerkëscht och dëst Joer erëm eng Chrëschtdagsgeschicht afale gelooss an mir hu se och zesummen opgeholl, datt der se och elo an der Vakanz lauschtere kënnt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen