Kannerkëscht De Jos a säi Wichtelalpdram: Deel 2

Mir proposéieren iech den zweeten Deel vun der Anja Di Bartolomeo hirer Chrëschtdagsgeschicht "De Jos a säi Wichtelalpdram".

Kannerkëscht: 10-12 Joer

Lauschteren


Normalerweis ass d'Nora, dem Jos seng Schwëster, ëmmer granzeg a guer net léif mam Jos. Mee elo op eemol esou viru Chrëschtdag ass dat awer anescht. D'Nora ass esou léif mam Jos, an et huet him souguer eng Taass waarme Schocki gemaach.

De Jos fënnt dat awer komesch, an en ass och iwwerzeegt, datt d'Nora eppes vun him wëllt. Dat stëmmt och, d'Nora huet nämlech fir Chrëschtdag gewichtelt, an et huet d'Anne Sophie gezunn.

A säi Wiichtelcadeau fir d'Anne Sophie ass, datt de Jos mam Anne Sophie zesummen en Brudder-Schwësterdag verbréngt, well d'Anne Sophie esou gären e Brudder hätt, awer kee huet.

De Jos ass ausser sech, an en dirängelt d'Nora direkt dem Anne Sophie unzeruffen an ofzesoen. Mee d'Nora rëselt de Kapp, well et kann net ofsoen. D'Nora ass a Panik.

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

Am drëtten Deel vun der Anja Di Bartolomeo hirer Chrëschtdagsgeschicht "De Jos a säi Wichtelalpdram" huet Jos acceptéiert, dem Nora säi Wichtelkaddo ze sinn. Zesummen treffe si sech mam Anne Sophie.

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

D'Anja Di Bartolomeo huet iech fir an d'Kannerkëscht och dëst Joer erëm eng Chrëschtdagsgeschicht afale gelooss an mir hu se och zesummen opgeholl, datt der se och elo an der Vakanz lauschtere kënnt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen