Léif Kanner! Wann et Wanter ass, si mir méi dobannen ewéi dobaussen, well et vill méi kal a vill méi naass ass, wéi an der waarmer Joreszäit. Mee wann et fir eis Wanter ass, ass et och fir d'Déiere Wanter. A wat maachen d'Déieren dann?
Do gi mir iech haut e Beispill, nämlech de Bontspiecht an de Guckuck; zwee Villercher, déi et bei eis gëtt. Wat maache si zwee dann am Wanter? D'Katharina Kurt aus dem natur musée an de Jean-Claude Majerus erzielen iech, wat de Bontspiecht an de Guckuck am Wanter maachen.