Radioen

On air

De Moien  |  The Rolling Stones - Get Off Of My Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Wantervullenzielung, First-Lego-League, e Pingpong-Ball a Wikipedia

Kannerkëscht

D'Wantervullenzielung, First-Lego-League, e Pingpong-Ball a Wikipedia

All Joer ass ëm dës Zäit déi sougenannte "Wantervullenzielung". Déi Kéier ginn deemno de 27., 28. am 29. Januar hei zu Lëtzebuerg d'Vullenaarte gezielt. An do kënnt dir matmaachen.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Fir bei der Wantervullenzielung ze hëllefen, kënnt dir wärend deenen dräi Deeg eng Stonn am Dag an ärem Gaart oder op ärem Balcon d'Villercher zielen, an dat dann der ASBL Natur an Ëmwelt soen. Wéi der dat maache kënnt, erkläre mer iech an der Kannerkëscht.

Wien huet net scho mat Lego gespillt, an do gëtt et eppes wat sech "First lego League" nennt, d'Nathalie wäert eis méi iwwer déi Liga zielen an och wou der dat mat erliewe kënnt.

Déi meescht ware jo och bestëmmt schonn eng Kéier op Wikipedia. Wikipedia gëtt et elo schonn iwwer 21 Joer, a wéi dee weltwäite Lexikon entstanen ass, hu mer fir d'Kannerkëscht nogesicht.

Am Experiment erkläert d'Michèle vum FNR eis wéi een e Pingpong-Ball an eng Fläsch era kritt. Do kënnt der scho gespaant sinn.

Vill Spaass an der 100,7-Kannerkëscht.