Kannerkëscht D'Fuesent, d'Wunnengsnout am Bësch a Käerzen um Kuch

Wousst dir, datt Fuesent net nëmmen hei bei eis, mee och an den Nopeschlänner wéi zum Beispill an Däitschland gefeiert gëtt. An den Donneschdeg virun der Fuesent gëtt bei eis "fetten Donneschdeg" genannt.

Kannerkëscht: 10-12 Joer

Wou dat hir kënnt de "fetten Donneschdeg" erkläre mir iech haut an der Kannerkëscht, an och dann den Dag awer bei eisen däitschen Noperen eng ganz aner Bedeitung huet.

Dir hutt bestëmmt schonn héieren, datt et schwiereg ass fir eng Wunneng oder en Haus ze fannen. Ma hutt dir iech da scho gefrot, wéi dat mat de Wunnengen am Bësch bei den Déieren ass? Majo dat ass d'Thema, mat deem d'Françoise aus dem Naturmusée sech haut beschäftegt.

An dann och nach een Trick wéi ee Käerzen um Gebuertsdagskuch kann aus maachen, ouni ze blosen. A sidd der scho gespaant?

Vill Spaass bei Nolauschteren an Nomaachen!

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 7-9 Joer
Kannerkëscht

De Jos ass erëm do. Eise jonke Lausbouf, deen nawell gären déi eng oder aner Spiicht dréit, och wann dat ni béiss gemengt ass. An de Jos ass nu wierklech e Kärelchen deen Häerz op der richteger Plaz huet.

Kannerkëscht: 3-6 Joer
Kannerkëscht

Léif Kanner! Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter, dat sinn jo déi véier Joreszäiten déi mer hunn. Déi eng ass méi waarm, déi aner méi sonneg, déi drëtt méi verreent an déi véierte méi kal.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen