Kannerkëscht D'Faaschtenzäit, de Weltdag vum Héieren, an d'Mary a seng Monsteren

Fir unzefänken huet d'Michèle vum FNR, dem Fond National de Recherche, iech een Experiment matbruecht bei deem et dorëms geet, wat een am Däischtere gesäit, oder besser, firwat een net am Däischtere gesäit.

Kannerkëscht: 10-12 Joer

Lauschteren


Mat Buergsonndeg ass jo an eise Géigenden d'Faaschtenzäit ugaangen, déi bis Ouschteren dauert. Dofir gi mir der Fro no: Wou kënnt déi Faaschtenzäit iwwerhaapt hier? Mam Nathalie vum SCRIPT schwätze mir iwwer de Weltdag vum Héieren, an dat ass sécher net vu Muttwëll, well mir allgemeng jo zum Beispill méi dacks bei den Zänndokter ginn, wéi bei den Ouerendokter. An awer ass et wichteg och d'Oueren an d'Gehéier reegelméisseg kontrolléieren ze loossen.

An d'Monique aus dem natur musée erzielt eis d'Geschicht vum Mary, dat geduecht huet, et hätt Monstere gesinn, mee u sech war et eng wëssenschaftlech Decouverte, eng ganz spannend Geschicht.

An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

Et ass Fuesent hei bei eis, mee och an den Nopeschlänner wéi zum Beispill an Däitschland gëtt dat gefeiert. An den Donneschdeg virun der Fuesent gëtt bei eis "fetten Donneschdeg" genannt.

Programm

  • Popfilter

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Den Nomëtteg

  • Noriichten

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen