Salut Kanner! Hutt dir iech schonn eng Kéier d'Fro gestallt, wéi eng Faarf en Zebra huet? Ass een Zebra elo schwaarz mat wäisse Sträifen, oder wäiss mat schwaarze Sträifen?
An der Kannerkëscht huet de Jean Claude Majerus iech d'Äntwert op déi Fro mat agepaakt.
Da geet et awer nach ëm dee groussen italieenesche Moler an, wéi e gäre genannt gëtt, d'Universalgenie Leonardo da Vinci an natierlech säi berüümtste Bild d'Mona Lisa.
Mir erklären iech kuerz, wat am Fong Philosophie ass, an um Enn läit nach e flott Experiment an der Kannerkëscht, an zwar wéi een aus Mëllech Pech maache kann, esouguer ee ganz, ganz staarke Pech.