Zanter Mëtt November 2022 ass et esouwäit, mir hunn e neien Rekord, wat d'Populatioun op eiser Welt ugeet.
D'UNO, dat sinn déi vereent Natiounen, hunn nämlech ausgerechent, datt mir zanter kuerzem zu aacht Milliarde Mënschen op der Welt liewen. An et wäert bis Joer 2080 daueren, an da wäerte mir zu 10 Milliarde sinn.
D'Françoise aus dem Naturmusée erzielt iech méi iwwer de Wollef an de Fuuss, zwee Déieren, déi een och an eise Géigende fënnt.
Fir d'éischt huet d'Françoise awer och nach en Extrait aus engem Gedicht vum Dicks. Dem Edmond de la Fontaine, wéi e richteg heescht, an zwar "De Wëllefchen an de Fiisschen".
Um Enn bleiwe mer bei Fuuss, well de Lëtzebuerger Auteur Michel Rodange huet jo dat ganz bekannt Gedicht "De Renert" geschriwwen, an dat ass scho ganz laang an dofir huet de Script eng nei Versioun erausbruecht, och an der neier Schreifweis, datt mer et och kënne liesen.