Kannerkëscht 8 Milliarde Mënschen, de Wollef, de Fuuss an de Renert

Et ass bal net ze gleewen, mä mer sinn elo zu 8 Milliarde Mënschen op der Welt. Wéi dat goung, dat gitt dir an der 100,7-Kannerkëscht gewuer. Grad esou wéi de Wollef an de Fuuss liewen, an wat d'Ënnerscheeder sinn. De Script stellt eis eng nei Versioun vum Michel Rodange seng Renert vir, d'Geschicht vum Fuuss a Maansgréisst an am Frack.

Kannerkëscht 7-9 Joer

Lauschteren


Zanter Mëtt November 2022 ass et esouwäit, mir hunn e neien Rekord, wat d'Populatioun op eiser Welt ugeet.

D'UNO, dat sinn déi vereent Natiounen, hunn nämlech ausgerechent, datt mir zanter kuerzem zu aacht Milliarde Mënschen op der Welt liewen. An et wäert bis Joer 2080 daueren, an da wäerte mir zu 10 Milliarde sinn.

D'Françoise aus dem Naturmusée erzielt iech méi iwwer de Wollef an de Fuuss, zwee Déieren, déi een och an eise Géigende fënnt.

Fir d'éischt huet d'Françoise awer och nach en Extrait aus engem Gedicht vum Dicks. Dem Edmond de la Fontaine, wéi e richteg heescht, an zwar "De Wëllefchen an de Fiisschen".

Um Enn bleiwe mer bei Fuuss, well de Lëtzebuerger Auteur Michel Rodange huet jo dat ganz bekannt Gedicht "De Renert" geschriwwen, an dat ass scho ganz laang an dofir huet de Script eng nei Versioun erausbruecht, och an der neier Schreifweis, datt mer et och kënne liesen.

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 10-12 Joer
Kannerkëscht

Mat Mathematik op eng spilleresch ëmgoen, dat ass d'Zil vun der Plattform mathematic.lu. Da schwätzt de Philippe aus dem Naturmusée iwwer Dinosaurier. An d'Michèle vum FNR erkläert, firwat eng Schmier ëmmer op d'Bottersäit fällt.

Kannerkëscht 7-9 Joer
Kannerkëscht

Wat ass am Fong d'Aarbecht vun engem Journalist? D'Michèle vun FNR weist eis, wéi ee Reen doheem ka maachen, a beim Naturmusée, also besser beim Carmen a beim Philippe, sinn d'Matte lass.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen