Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltklimakonferenz zu Paräis

COP21

Weltklimakonferenz zu Paräis

auto_stories

1 min

Vum 30. November bis den 12. Dezember 2015, während der Weltklimakonferenz COP21, huet alles op Paräis gekuckt. Ronn 35.000 Leit, dat heescht politesch Vertrieder aus 195 Länner, Journalisten, ONGen a Lobbygruppen aus der Privatwirtschaft, hu sech um "Bourget" getraff, fir iwwer d'Zukunft vum Klima ze diskutéieren. Den Enjeu vun den UN-Klimaverhandlungen ass grouss: Et geet drëm d'Äerderwäermung ze limitéieren. Eng Hausse vun der Temperatur vu maximal zwee Grad, dat ass d'Zil dat déi international Staategemeinschaft sech virgeholl huet. Déi kleng Inselstaaten am Pazifik wënschen sech maximal 1,5 Grad. E weidert Zil: Déi eenzel Staaten sollen sech hirer Verantwortung bewosst ginn, dowéinst sollen och Gelder vum Norden an de Süde fléissen. Um Wee dohi gëtt mat haarde Verhandlunge gerechent. D'100,7-Journalistin Pia Oppel huet d'Evolutioun vun der Konferenz op der Plaz verfollegt.