Themendag Mënscherechter

Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter, hirer Plaz an der Welt, an dem Wee, deen nach zeréckzeleeë bleift, fir datt all Mënsch och an de Genoss vu senge Mënscherechter ka kommen.

Themendag-Mënscherechter

All Mënsch kënnt fräi a mat där selwechter Dignitéit a mat de selwechte Rechter op d'Welt. Jiddwereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut, a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géigeniwwer handelen. Dat ass den éischten Artikel vun der Allgemenger Deklaratioun vun de Mënscherechter, déi vun der UNO haut viru genee 70 Joer zu Paräis proklaméiert goufen.

Hänn, déi e Puzzle maachen
Themendag

Den 10. Dezember gëllt als internationalen Dag vun de Mënscherechter, déi fir jiddwereen zielen. De Jean-Claude Majerus huet dofir an e puer Schoulklasse mat Kanner iwwer d'Mënscherechter geschwat.

Dean Spielmann
Invité am Moies-Magazin

"Mënscherechter sollen och an de Schoulen eng wichteg Plaz anhuelen": de fréiere President vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter an aktuellen Riichter um EU-Geriichtshaff

Trump
Mënscherechter

Déi US-amerikanesch Regierung ass net ugesinn als e besonnesch effikasse Partner am Kampf fir global Mënscherechter. Rezent Decisioune vum Donald Trump hunn d'Positioun vun den USA als Leader an där Saach a Fro gestallt.

Ausbeutung
Internationalen Dag fir d'Mënscherechter

D'Ausbeutung vun der Aarbechtskraaft hëlt europawäit zou. Dat geet aus enger neier Etüd vun der EU-Kommissioun ervir. Och Lëtzebuerg bleift net verschount. An de leschte Jore goufen ëmmer méi Affer entdeckt.

Stan Brabant
Amnesty International Lëtzebuerg

Dëst Joer feiert d'Deklaratioun vun de Mënscherechter hire 70. Anniversaire. De Maurice Antony huet mam Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg iwwer d'Aarbecht vun der Organisatioun geschwat.

Escher Theater Wiki Commons
Mënscherechter

"Artikel 13" heescht d'Performance, déi am Escher Theater gewise gëtt. Den Artikel 13 vun der universeller Deklaratioun vun de Mënscherechter ass de roudem Fuedem vum Stéck, wéi vun der uschléissender Diskussioun.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen