Klima Hëtzt & Dréchent

D'Joer 2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert gewiescht. Wéi eng Impakter huet dat zum Beispill op d'Ëmwelt oder op verschidde berufflech Branchen? An dësem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

Dréchent
Symbolbild. Foto: Bigstock
E Gletscher am Naturreservat Skaftafell an Island.
Klimaschutz

Wéinst dem Klima kéinte Gletscher dëst Joer méiglecherweis zwee bis dräi Meter Déckt u Mass verléieren. Wéi eng Konsequenzen huet dat fir d'Welt an och fir d'Leit, déi bei Gletscher wunnen?

Illutratioun Dréchent
Dréchent an Europa

Am August ass d'Situatioun ronderëm d'Dréchent an Europa deels méi schlëmm ginn, esou een neien EU-Rapport. Zu de 15 Länner, fir déi de Risiko an d'Luucht goung, gehéiert och Lëtzebuerg.

Ee Mouer bei Ortelsbruch am Saar-Hunsrueck
Klima an Ëmwelt

Mouere kënne géint de Klimawandel hëllefe wéinst hirer Fäegkeet, grouss Quantitéiten un CO2 ze späicheren. D'Moueren zu Lëtzebuerg sinn allerdéngs gréisstendeels an engem schlechten Zoustand.

Mäerterter Hafen
Wirtschaft

Wann de Peegel vum Rhäin net geschwënn erëm klëmmt, da kéint et deemnächst onméiglech ginn, vu Mäertert an den Norden ze fueren. Dat seet de Gilles Braquet, techneschen Direkter vum Logistikzenter Luxport.

Dréchent
Wéinst groussen Abousse bei der Recolte

D'Bauerenallianz huet d'Regierung dréngend gefrot, am Hierscht en Agrarsommet anzeberuffen. Déi aktuell Dréchent an déi geopolitesch Lag wéinst dem Krich an der Ukrain hätten enorm wirtschaftlech Konsequenzen.

Schof
Ëmwelt

Op zéng Plazen am Minett ginn amplaz vu Maschinnen, Schof op Terraine gelooss, fir dës ze beweeden. Wéinst dem Wierder dëst Joer kënnen d'Déieren awer net sou laang wéi gewinnt op de Wise bleiwen.

Musel 1
Niddregwaasser

Kee Reen, Hëtzt an Dréchent. Ëmmer méi Flëss a Baache féieren Niddregwaasser. Dorënner leit och d'Musel. D'Schleisen an d'Kraaftwierk suergen zwar dofir, datt de Waasserstand konstant een Niveau behält, trotzdeem kënne Gidderschëffer net méi esou schwéier wéi soss beluede ginn.

Martine Neuberg
Zoustand vun de Bëscher

Déi héich Temperature suergen dofir, datt eng ganz Rei Beem an de Bëscher ofstierwen. D'Cheffin vun der Bëschverwaltung seet, dat wier mat héijem Opwand fir d'Fierschter verbonnen, well si reegelméisseg mussen intervenéieren.

Futtis Beem am Bësch
Reportage

Déi unhalend Dréchent déi lescht Jore sëtzt de Bëscher zou: Just 16 Prozent vun alle Beem sinn nach ganz gesond. Mir si mat der Naturverwaltung kucke gaangen, wéi d'Bëschbild sech am Ament verännert.

Waasserzougank
Phase de vigilance opgehuewen

De 4. August gouf d'Phase de Vigilance opgehuewen. D'national Lag ass gutt fir Gemengen a Versuerger, déi Deel vum Sebes Drénkwaasser-Syndikat sinn. Bei verschiddenen autonome Gemengen ass d'Lag nach ugespaant.

Audrey Feyder
Landwirtschaft

D'Fudder fir d'Béischte riskéiert am Wanter knapp ze ginn. D'Audrey Feyder vun der Bauregenosseschaft Convis seet, verschidde Bauere missten elo scho Fudder fir hir Béischte bäikafen, well se duerch d'Dréchent manner eege Recolte hunn.

Sonn
Neie Rekord

De Juli dëst Joer war dee sonnegsten zënter Ufank vun den Opzeechnungen hei am Land. Dat geet aus dem klimatologeschen Bilan vu leschtem Mount vu Meteolux ervir. D'Hausse passt bei den europäeschen Trend.

Kéi am Stall
Landwirtschaft

Elo scho misst hie sengen Déiere Fudder ginn, well d'Gras op de Wisen net duergeet, sou de Charel Wildgen, deen zu Fenneng 80 Mëllechkéi huet. Mee net all Betrib wier d'selwecht vun der Dréchent betraff.

Vue op Paräis vum Montmartre
Canicule an de Stied

Gëschter sinn zu Paräis 41 Grad gemooss ginn. Domat war e Méindeg den drëttwäermsten Dag a Frankräich zanter den Opname vu Météo France am Joer 1947. Wéi huet sech Paräis op d'Canicule virbereet?

Eng eeler Persoun mat engem Glas Waasser
Risike wéinst héijen Temperature bei eelere Leit

Gëschter sinn um Findel 36,3 Grad gemooss ginn. Bei grousser Hëtzt zielen eeler Leit als besonnesch vulnerabel Persounen - wéi geet een an Altersheemer mat den héijen Temperaturen ëm?

Sonn
Héich Temperaturen

Gëschter goufen zu Réimech 36,1 Grad gemooss. Haut sollen et bis zu 39 Grad zu Lëtzebuerg ginn, an et gëllt eng "alerte rouge" fir dat ganzt Land. Wat genau bedeit d'Klassifizéierung "alerte rouge"?

Chantier an der Hëtzt
Grouss Hëtzt

Wéinst der grousser Hëtzt gëtt sech am Bausecteur bis zu zéng Prozent manner Rendement erwaart. Verschidden Entreprisen hunn een Aktiounsplang fir de Schutz vun den Aarbechter ausgeschafft.

Drauweplanz Wéngert
Wéineg Reen, vill Hëtzt

Dëst Joer ass extreem wéineg Ree gefall. An de Wéngerten op der Musel leiden dorënner speziell déi jonk Rief Stäck. Wéi ginn d'Wënzer mat der Dréchent ëm?

Bëschbränn a Portugal
Incendies

À cause de nombreux incendies, le Portugal est désormais placé sous le second niveau de protection civile. Face à une nouvelle augmentation des températures, les appels à la prudence se multiplient.
Champs-Elysées zu Paräis
Waarm Temperaturen

37 Grad am Juni! A Stied si grouss Plazen dacks mat Goudron, Bëtong oder Granit bedeckt, wouduerch d'Hëtz an der Stad gespäichert gëtt. Dat soll sech zu Paräis an den nächste Joren änneren.

Lëtzebuerger Bësch
Dréchent

Dem Lëtzebuerger Bësch geet et net gutt. Nëmme knapp 16 Prozent vun alle Bamzorten si komplett gesond. Besonnesch d'Bichen, eigentlech eng heemesch Aart, steet ënner Drock. E grousse Problem, deen dobäi kënnt, ass déi aktuell Dréchent.

Spuenien Hëtzt Symbolbild
Chronique

Des températures entre 10 et 15 degrés au-dessus des normales saisonnières: Une situation qui n'est pas habituelle, mais à laquelle les autorités locales sont préparées.

Illutratioun Dréchent
Meteo

D'Fréijoer war ze dréchen, esou de Bilan vum meteorologesche Service vum Landwirtschaftsministère. Vu Mäerz bis Mee huet et net genuch gereent, vill landwirtschaftlech Kulture konnte sech net optimal entwéckelen.

Net verpassen

Dossieren

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen