Drogepolitik Dossier: Cannabis-Legalisatioun
Laut Gesetz ginn et aktuell dräi Uwendungen, fir déi medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg erlaabt ass: als Mëttel géint chronesch Péng; bei Multipler Skleros a Spasticitéit; a bei Kriibspatienten, als Appetit-Ureeger. Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker och bei eis am Land méiglech ze maachen. An dësem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.


D'Gesondheetsministerin annoncéiert eng Zäitschinn
Et kënnt Schwong an d'Diskussioun ëm eng staatlech kontrolléiert Produktioun an Distributioun fir medezineschem an duerno och rekreative Cannabis. Zil wier et fir nach d'nächst Joer e Projet de loi fir de rekreative Cannabis an der Chamber ze deposéieren.

Belaascht de Cannabis-Konsum eis Gesondheetssystemer?
UN-Büro fir Drogen- a Kriminalitéitsbekämpfung ënnersträicht: de Konsum vu Cannabis géif eis Gesondheetssystemer belaaschten. De Carlos Paulos gesäit dat anescht: et géife méi Facteure matspillen.

L'Espagne va réguler le cannabis à des fins médicales
En Espagne, le parlement a voté une série de recommandations pour réguler la consommation du cannabis à des fins médicales. La prescription se fera exclusivement par des professionnels de la santé.

UNODC: Legaliséierung vu Cannabis kann Drogeproblem verschäerfen
De Cannabis-Konsum féiert zu enger Belaaschtung vun eise Gesondheetssystemer. Den UNODC warnt virum ëmmer méi staarke Cannabis: Dat kéint zu Suchtproblemer a psycheschen Erkrankunge féieren.

Paulette Lenert am Gespréich
D'Gesondheetsministesch huet sech ufangs der Woch déi portugisesch Approche an der Drogepolitik erkläere gelooss - e liberale Modell dee gutt Resultater erreecht. Ass dat e Modell fir Lëtzebuerg?

"Wien A seet, kann och roueg B soen"
Cannabis-Ubau ënner staatlecher Kontroll zu Lëtzebuerg? Firwat net, seet d'Gesondheetsministesch bei der Visitt vun enger Produktiounsanlag a Portugal.

Portugisesch Drogepolitik: Humanistesch a pragmatesch
Portugal huet viru 25 Joer ee fortschrëttleche Wee an der Drogepolitik ageschloen, mat impressionnante Resultater. D'Grënn fir dës progressiv Legislatioun leien an der rezenter Geschicht.

Initiativ Pipapo: "Nei Cannabis-Reegele sinn e Fortschrëtt"
Der Regierung hir Propos fir véier Cannabis-Planzen doheem dierfen unzebauen, wier e Schrëtt an déi richteg Richtung, seet de Carlos Paulos. Hien ass Responsabel fir d'Initiativ Pipapo, déi Jonker iwwer de Konsum vun Drogen opkläert.

Wat steet an der Regierungsnote iwwer de rekreative Cannabis?
D'Regierung wëllt den Ubau vu rekreativem Cannabis fir privat Zwecker erlaben. Dofir gëtt eng Legaliséierung vun der Produktioun an dem Verkaf vu Cannabis-Som zu Lëtzebuerg an d'A gefaasst.

Suchtverband: Et stelle sech eng Partie Froen
De "Suchtverband Lëtzebuerg" begréisst prinzipiell, datt d'Regierung den Ubau vu rekreativem Cannabis fir den Eegekonsum wëll erlaben - och wa sech bei der Ëmsetzung nach ganz vill praktesch Froe géife stellen.

Nei Cannabis-Reegelen: "Kee Coup géint d'Drogekriminalitéit"
An Zukunft soll et erlaabt si véier Cannabis-Planzen doheem unzebauen. Een "decisive Coup géint d'Drogekriminalitéit" wier dat awer net, mengt de nationalen Drogebeoptragten Alain Origer.

Drogepolitik: Katalog vu 27 Mesurë gouf presentéiert
Et gëtt Retard beim Projet "Cannabis récréatif", huet d'Justizministerin Sam Tanson confirméiert. An enger éischter Phas soll pro "Communauté domestique" d'Ubaue vu véier Cannabis-Planzen erlaabt ginn.

Ännerungen an der Drogepolitik goufen haut am Regierungsrot festgehalen
De Regierungsrot ass sech eisen Informatiounen no op ee Mesurepak an der Droge-, Sécherheets-, a Präventiounspolitik Eens ginn. Och iwwert en aneren Ëmgank mam rekreative Cannabis gëtt et Konsens.

Suchtverband Lëtzebuerg: Regierung huet Dossier falsch ugepaakt
De President vum Daachverband vun de Lëtzebuerger Drogen- und Suchthëllefariichtunge mengt, et sollt een am Cannabis-Dossier vun enger Regulariséierung amplaz vun enger Legaliséierung schwätzen.

Cannabis gëtt net legaliséiert
100,7-Informatiounen no wëll d'Regierung just den Ubau vu Cannabis-Planze fir de private Konsum an a klenge Quantitéiten erméiglechen. De Verkaf wier - anescht wéi geplangt - weiderhin illegal.

Cannabis-Legaliséierung: Am Oktober soll et Kloerheet ginn
D'Regierung wëllt am Oktober e Gesetzestext iwwer de Gebrauch vu Cannabis proposéieren, sou d'Justizministesch am 100,7-Interview. Déi Propos wier Deel vun engem gréissere Mesurëpak.

Legaliséierung vum Cannabis: Regierung mécht de Point am Juni
D'Zil vun der Regierung ass et duerch d'Legaliséierung den Drogemaart an de Grëff ze kréien, grad ewéi d'Qualitéit vum Cannabis ze kontrolléieren. Virop d'CSV ass awer skeptesch, ob sech domat de Schwaarzmaart an de Grëff kréie léisst.

Wéi steet et ëm d'Legaliséierung vum net-medezinesche Cannabis?
D'Legaliséierung vu Cannabis ass ee vu villen Dossieren, déi duerch d'Pandemie Retard kruten. Soubal d'sanitär Situatioun et erlaabt, wéilt ee sech mat auslänneschen Autoritéiten austauschen, esou d'Sam Tanson.

Gemëschte Reaktiounen
Den CSV-President Frank Engel hat eng Ierfschaftssteier an direkter Linn an eng Verméigenssteier fir Privatpersoune gefuerdert. Vertrieder vun de Majoritéitsparteie reagéieren ënnerschiddlech.

No Cannabis-Legaliséierung a Kanada: Net méi jugendlech Konsumenten
D'Legaliséierung vum Cannabis a Kanada viru knapp annerhallwem Joer hätt net dozou geféiert, datt déi kanadesch Jugend méi Cannabis konsuméiert. Dat seet de Serge Brochu, emeritéierte Professer vun der Schoul fir Kriminologie op der Uni zu Montreal.

Inhalt vum Konzept kéint nach änneren
D'Informatioune vum radio 100,7 iwwer d'Konzept fir d'Legaliséierung vum Cannabis fir rekreativ Zwecker géife mam momentane Projet zu engem groussen Deel iwwertenee stëmmen, confirméiert d'Paulette Lenert.

"Cannabis-Legalisatioun mécht mir e bëssen Angscht"
D'LSAP-Deputéiert Cécile Hemmen seet, déi geplangte Legalisatioun vum Cannabis géif hir "e bëssen Angscht" maachen. Si betount, si wéilt sech fir d'Preventioun vum Drogemëssbrauch asetzen.

Éischt Konzept fir d'Reglementatioun vu Cannabis steet
No der Cannabis-Legaliséierung zu Lëtzebuerg kéint den Handel 100,7-Informatiounen no informatesch kontrolléiert ginn. Dat provisorescht Konzept vum Gesondheetsministère läit eis vir.