Kinosfestival Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

Luxfilmfest
Foto: luxfilmfest.lu

Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen. Fir d'Filmredaktioun vum 100,7 ännert sech awer näischt. Mir suivéieren de Festival mam selwechten Interessi wéi och soss.

the-whaler-boy-1-1536x700.jpg Kompetitioun
Luxfilmfest

Den erfrëschende russeschen Debutfilm ''The Whaler Boy" vum Philipp Yuryev kombinéiert Drama a Komedie, fir d'Konsequenze vun den Internet-Illusiounen duerzestellen - ouni Schwaarz-Wäiss-Molerei.

Bonnaire.PNG
LuxFilmFest

Fir de Jury vum Luxembourg City Film Festival, presidéiert vun der Sandrine Bonnaire, war de Krichsdrama vun der Bosnierin Jasmila Žbanić de beschte Film vun dëser 11. Editioun vum Festival.

assandira-con-regista.jpg Kompetitioun
Luxfilmfest

Iwwer e Generatiounskonflikt Papp-Jong an de Géigesaz tëschent Traditioun a Modernitéit geet et am Salvatore Mereu sengem Drama ''Assandira''. Zimmlech ustrengend, mee impeccabel ëmgesat.

Los Lobos Kompetitioun
Luxfilmfest

De mexikanesche Film ''Los Lobos'' (The Wolves) vum Samuel Kishi weist op eng flott Manéier, wéi Kanner en objektiv schwieregt Immigranteliewe mat Hëllef vun der Fantasie kënnen iwwerspillen.

Becoming Mona Kompetitioun
Luxfilmfest

Den hollännesch-belsche Familljendrama "Becoming Mona" erzielt d'Geschicht vun enger jonker Fra, déi weider net opfält, mee vill ze soen hätt. E schwieregen Typ vu Personnage gëtt hei visibel gemaach.

Aristocrats Kompetitioun
Luxfilmfest

De japanesche Film "Aristocrats" problematiséiert d'Roll vun der Fra a gehuewene Kreesser. Duergestallt gëtt eng friddlech Gesellschaft, där hir rigid Klassestruktur awer net ze veränneren ass.

Careless Crime Kompetitioun
Luxfilmfest

Rekonstitutioun? Transpositioun? Oder einfach nëmme Konfusioun? Mat engem Spill mat der Realitéit an der Illusioun stellt den iranesche Film ''Careless crime" de Spectateur op d'Prouf.

Air Conditioner 02 © Geração 80 Kompetitioun
Luxfilmfest

Klimaanlagen als leschten Depositär vun der kollektiver Memoire nom Biergerkrich: Dee Science-Fiction-Zeenario steet am Mëttelpunkt vum Angolaner Fradique sengem Filmdebut "Air Conditioner".

QUO VADIS AIDA © Cinéart (3)-1.jpg Kompetitioun
Luxfilmfest

''Quo vadis, Aida?" erzielt d'Tragedie vu Srebrenica aus der Perspektiv vun enger Fra, där als Iwwersetzerin d'Hänn gebonne sinn. Als Mamm gëtt si virun onméiglech Decisioune gestallt.

Luxfilmfest
Filmfestival

Haut ass d'Ouverture den Owend vum Luxembourg City Filmfestival. Dës 11. Editioun vum LuxFilmFest wäert, wéinst der Pandemie, eng hybrid sinn: deels am Kino, deels online.

Programm

Net verpassen

  • De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

    radio 100,7

    De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
    an 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI) fir direkt ze engagéieren.

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen