Grousse Kino CinEast
CinEast: 100 Filmer aus 18 Mëttel- an Osteuropäesche Länner. E Fokus op d’Migratioun, ënner anerem mat der Expo an dem Filmzyklus "Away from Home". Awer och: eng Competitioun. Lauter Filmer, déi dëst Joer zu Berlin, Locarno a Sundance Präisser kruten. Besuch, wéi den däitschen Acteur Ulrich Matthes; Ciné-Concerten ... an den 100,7 ass dobäi.


E Jugendfilm, Gewënner um CinEast 2016
"Mellow Mud", dem lettesche Realisateur Renars Vimba säi Wierk iwwert eng couragéierter Teenagerin, déi Verantwortung an hirer klenger Welt iwwerhëlt, gewënnt de Präis vum beschte Film beim CinEast 2016.

Tschechesch-slowenesch Space Night
Am Kader vun der CinEast Space Night goufe kierzlech zwee Filmer gewisen, déi sech allen zwee ëm d'Weltraum dréinen. Deen ee warnt viru Propaganda, deen aneren ass selwer e Stéck Propaganda.

Dat trauregt Liewe vun enger Mäerderin
Den tschechesche Film "I, Olga Hepnarová" erzielt déi authentesch Geschicht vun enger jonker Aussesäiterin, déi an de 1970er Jore mat engem Camion aacht Mënschen iwwerrannt an ëmbruecht huet.

De bulgaresche Pendant vum "Rosetta"
De Sozialdrama “Hristo” huet vill Ähnlechkeete mam Film vun de belsche Gebridder Dardenne. Interview mat Co-Realisateur Todor Matsanov.

"Mom and Other Loonies in the Family"
D'Ibolya Fekete léisst bal e Joerhonnert ungaresch Geschicht unhand vun enger Familljechronik Revue passéieren. Véier Generatioune vun, wéi si sech selwer bezeechnen, Mëller, trieden am Film op.

Vill Humor an "It's Not the Time of My Life"
De Cineast Szabolcs Hajdu léisst an "It's Not the Time of My Life" net nëmme seng eege Famill optrieden a spillt selwer eng Haaptroll. De Film gouf och an der eegener Wunneng gedréint.

Aacht Geschichten an Eelef Minutten
De polnesche Cineast Jerzy Skolimowski erzielt am Film "11 Minutes" aacht verschidde Geschichten. Et geet ëm Mënschen, déi näischt mateneen ze dinn hunn, obwuel si sech iwwert de Wee lafen.

Den Ulrich Matthes iwwer "Exiled"
De lettesche Film "Exiled" weist mat vill Humanismus an Empathie eng aner Säit vum Éischte Weltkrich. Et wier wichteg, datt dëse Krich net vergiess gëtt, seet den Acteur Ulrich Matthes, deen d'Haptroll spillt.

De Jugendfilm, Mellow Mud
Dem lettesche Realisateur Renars Vimba säi Film weist d'Geschicht vun enger couragéierter Teenagerin, déi Verantwortung an hirer klenger Welt iwwerhëlt, fir si virun aneren ze schützen.

Dogs, eng schwéierfälleg Aventure
Dem rumänesche Realisateur Bogdan Mirica säi Film spillt am post-kommunistesche Rumänien. "Dogs" erzielt vun engem privilegéierte Stater, deen déi wëll rumänesch Landschaft entdeckt.

Den "East Meets West"-Pionéier ass dout
De CinEast-Festival dediéiert dem polneschen Cineast Andrzej Wajda eng Retrospektiv. Si war fir säi Gebeurtsdag geduecht. Elo ass si awer posthum, de Cineast ass während dem Festival verstuerwen.

Illegitimate: Familljendrama mat schwaarzem Humor
De rumänesch Kino ass an de leschte Joren ëmmer méi populär ginn. Dem Adrian Sitaru säi rezentste Wierk erzielt d'Geschicht vun enger onmoralescher Léift a wéi een domat ëmgeet.

Death in Sarajevo: Den Ënnergang vun Europa
"Death in Sarajevo" ass eng politesch a sozial Allegorie vun der Situatioun am modernen Europa. De Film spillt am Hotel Europa zu Sarajevo, um Centenaire vum Doud vum Franz Ferdinand.

Getrennt duerch eng Mauer an de Käpp?
Viruerteeler vermëttelen a Westeuropa ee falscht Bild iwwer osteuropäesch Gesellschaften, soen de Fotograf Patrick Galbats grad ewéi de Radek Lipka an de Sébastien Louis vum Filmfestival CinEast.