Dossier Chamberwalen 2023
Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel? Fannt hei d'Reportage vum radio 100,7.


"D'Politik hëlt de Logementsprobleem net eescht"
"Alerte Rouge" - Urgence Logement": Ënnert deem Motto war de Samsdeg de Mëtteg um Knuedler an der Stad e Protestpiquet vun der Koalitioun Wunnrecht, an där eng 20 Organisatioune regroupéiert sinn.

Blanche Weber: Keen Datenzenter zu Biissen wier grousse Succès
De Mouvement Ecologique hätt de Projet vun engem Google-Datenzenter vun Ufank u kritiséiert, well d'Entreprise net oppe geluecht hätt, wéi vill Waasser an Energie den Zenter zu Biisse géif brauchen, seet d'Blanche Weber.

ULC presentéiert hir Fuerderunge virun de Chamberwalen
D'ULC begréisst de rezenten Tripartite-Accord. D'Upassung vun der Steiertabelle ass ee wichtege Schrëtt an d'Steierpolitik misst nach fir méi Gerechtegkeet suergen. Hir Fuerderunge fir goufe virun der Presse presentéiert.

"Den Opschwong a Stëmmen ëmwandelen"
Sondagë géifen Tendenzen erëmspigelen "déi et net ze ignoréiere gëllt", seet den Tommy Klein. Mee och wann d'Sonndesfro de Piraten e gewëssen Opschwong géif attestéieren, wier se trotzdeem nëmmen eng Momentopnam.

Martine Hansen: "Ech weess et net"
D'Co-Fraktiounspresidentin vun der CSV fuerdert eng Evaluatioun vun der gratis Kannerbetreiung. Et wier net kloer, ob d'Kanner wéinst der Gratuitéit méi laang an d'Crèche oder Maison Relais ginn.

Wie kämpft zu Lëtzebuerg nach fir Leit mat nidderege Revenuen?
D'Salariat muss vun dësem Joer u manner Steiere bezuelen. Leit mat héije Revenue profitéiere vill méi dovu wéi Leit mat nidderegem Revenu.

Duerch eng Aarbechtszäitverkierzung kéint de Chômage zeréckgoen
Duerch eng Aarbechtszäitverkierzung kéint och de Chômage zeréckgoen, esou d'Virstellung vum Aarbechtsminister Georges Engel. Säi Ministère hat eng Etüd zur Fro vun enger Verkierzung vun der Aarbechtszäit an Optrag ginn.

D'LSAP-Presidentin ka sech eng Neioplo vu Blo-Rout-Gréng virstellen
Wann déi dräi Parteie sech virun de Walen an decisive Froen eens ginn, da kéint si sech virstelle mat der selwechter Koalitioun virun ze regéieren, esou d'LSAP-Presidentin Francine Closener.

Wat ass bei den Assises du Logement erauskomm?
De Logementsminister Henri Kox huet mat 200 Acteuren aus dem Secteur iwwer abordabele Wunnraum diskutéiert. Mee wat koum dobäi eraus? De Maurice Molitor huet d'Diskussioune suivéiert.

D'Chamber ass kee Spigelbild vum Land
Laang virun de Wale steet eppes fest: och déi nächst Chamber wäert nees kee Spigelbild vun der Gesellschaft sinn. Dat ass net nei, an awer schued, mengt de Maurice Molitor a sengem Commentaire.

Gréng Luucht fir zwou nei Fusiounsgemengen
Vu September un existéieren zu Lëtzebuerg nach 100 Gemengen. D'Chamber huet eestëmmeg gréng Luucht gi fir déi nei Fusiounsgemenge Groussbus-Wal a fir Bous-Waldbriedemes.

Wéineg auslännesch Wieler: D'ASTI gesäit "Kee Grond zur Panik"
Bei de Gemengewale kann dës Kéier jidderee matmaachen - egal wéi laang ee schonn am Land ass. Mee firwat hält den Undrang sech bis elo a Grenzen? De Rick Mertens huet Sergio Ferreira vun der ASTI gefrot.

Manner Autoen?
Et gi manner nei Autoen a méi Elektro-Autoen zu Lëtzebuerg verkaf. Den Individual-Verkéier gëtt also méi propper. Mee de Probleem vum Auto senger Dominanz bleift nach méi laang, mengt de Pierre Reyland an engem Kommentar.

Luc Frieden: Retour an d'Politik, egal wéi
Seng Ambitioun wier et, datt d'CSV stäerkst Partei bleift an nees an d'Regierung kënnt, sou de Luc Frieden. Wann d'CSV et net an d'Regierung packe géif, géif hie 5 Joer an der Chamber bleiwen, sou den designéierten CSV-Spëtzekandidat.

Fred Keup: "Wann ee vun Extremer schwätzt, dann zielt d'ADR net dozou"
Op méiglech Zesummenaarbechten no de Chamberwalen ugeschwat, huet de Luc Frieden gesot, et wier schwiereg Koalitioune mat den - Zitat - "Extremer vu riets a lénks" ze envisagéieren.

De Luc Frieden ass CSV-Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen
De Luc Frieden gouf vum CSV Nationalrot als Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen designéiert. Gëschter Owend hu 77 Parteimembere vum Nationalrot fir seng Kandidatur gestëmmt. Zwee Memberen hu sech enthalen.

"Ee Kandidat, deen d'Partei eenege kann"
Den CSJ-Nationalcomité steet unanime hannert dem Luc Frieden als nationalen CSV-Spëtzekandidat bei de Chamberwahlen, seet den Alex Donnersbach de Moien am 100,7-Interview.

Wat ass nach vu blo-rout-gréng ze erwaarden?
Wéi eng Steiererliichterunge kommen nach virun de Walen? De Gilles Baum wollt sech net dozou festleeën. D'Josée Lorsché plädéiert fir ee Steierkredit, den Yves Cruchten weist sech zouversiichtlech.

Et wäert kee langweilege Walkampf ginn
Fir d'Chamberwale si bei de grousse Parteien esou lues d'Spëtzekandidat:inne bekannt. D'Pläng vun der LSAP a vun der CSV sinn net ouni Risiko, mengt de Jean-Claude Franck.

Luc Frieden preparéiert Retour an d'Politik
Den CSV-Nationalrot soll iwwer d'Spëtzekandidatur vum Luc Frieden fir d'Chamberwalen ofstëmmen. Déi RTL-Nouvelle krute mir confirméiert. De Luc Frieden ass keen onbeschriwwent Blat bei de Chrëschtsozialen.

Fred Keup: D'ADR ass bereet an eng Regierung ze goen
De Fred Keup seet, seng Partei kéint sech duerchaus virstellen sech un enger Regierung ze bedeelegen. "Vläicht esouguer dëst Joer schonn", esou den ADR-President am 100,7-Interview.

Aarbechtszäiten: D'Paulette Lenert wëllt sech nach net festleeën
D'Paulette Lenert wëllt sech nach net festleeën, ob hir Partei am Walkampf fir eng allgemeng Reduktioun vun der Aarbechtszäit wäert antrieden. "Waart op eise Walprogramm", esou déi designéiert LSAP-Spëtzekandidatin.

Carole Thoma: Rose wa lénk Parteie keng lénks Politik maachen
Et wier net eng bewosst Strategie, d'LSAP méi schaarf z'attackéiere wéi déi zwou aner Majoritéitsparteien, sou d'Co-Parteispriecherin vun déi Lénk. Si erwaart sech vun der LSAP awer eng méi konsequent lénk Politik, sou Carole Thoma.

Wie gi mir wielen?
Et alles alles anescht wéi kloer, ob déi Kandidat:innen, déi fir d'Gemengewalen optrieden, och fir d'Chamberwalen a Fro kommen oder ëmgedréint. Där Meenung ass de Michel Pauly am Fräie Mikro.

Déi gréng wëllen Transitioune weider féieren
Onpoleemesch, sachlech a Fakten-orientéiert - esou gesinn déi gréng sech selwer an hirer politescher Aarbecht. Op hirem Neijooschpatt e Méindeg gouf et och vill Luef fir déi eege Regierungsmemberen.

CSV-Presidentin schléisst Luc Frieden als Spëtzekandidat net aus
D'CSV wëllt bis Enn Mäerz decidéieren, wien d'Partei an d'Wale féiert. Ob et een nationale Spëtzekandidat gëtt oder e puer regional Spëtzekandidaten, wier nach entscheet, esou d'Parteipresidentin Elisabeth Margue.

Déi Lénk kritiséieren d'Loyersgesetz
Déi sozial Ongerechtegkeeten an d'Klimakris waren d'Haaptsujete gëschter Owend um Neijooschpatt vun déi Lénk. D'Oppositiounspartei reprochéiert der Regierung "politique politicienne" a Walkampf um Réck vun de Leit ze maachen.

D'ADR wënscht sech e Wiessel un der Spëtzt vum Land
Kee Gambia 3 méi huet et gëschter um Neijooschpatt vun der zweetgréisster Oppositiounspartei geheescht, wou et vill Kritik un der Blo-Rout-Grénger Regierung gouf.

D'CSV wëllt de Wiessel
D'CSV huet sech op hirer Neijooschtreception kämpferesch gewisen. Déi aktuell Koalitioun wier um Enn an dofir stéing ee prett fir de Wiessel. Konkret Kritik gouf et un der Gesondheets- der Steier- an der Logementspolitik.

DP-President bréngt eng "Joresaarbechtszäit" an Diskussioun
D'DP ass dogéint, d'Aarbechtszäit vu 40 Stonnen an der Woch fir jiddwereen erof ze setzen. De Lex Delles kéint sech awer virstellen eng "Joresaarbechtszäit" anzeféieren, déi flexibel kéint genotzt ginn.

D'DP ass prett fir d'Walen
D'demokratesch Partei huet sech de Mëttwoch den Owend op hirem Neijoerschpatt als Partei vun der Responsabilitéit an der Proximitéit duergestallt. D'DP wier "no bei de Leit", ass viru Parteimembere gëschter ëmmer erëm betount ginn.

Déi gréng: Warscheinlech keen nationale Spëtzekandidat
Déi gréng gi warscheinlech net mat engem nationale Spëtzekandidat an d'Chamberwalen. D'Sam Tanson seet, hir Partei géif mat zwee Spëtzekandidat:innen an all de véier Bezierker an d'Course goen.

Infrastrukturprojete fir 2023 gi wuel méi deier
Infrastrukturprojete vun dësem Joer kéinte méi deier gi wéi geplangt, fäert de Mobilitéitsminister François Bausch. Als Haaptgrond nennt de Minister d'Energiekäschten a Problemer mat de Liwwerketten.

ILRES-Direkter: Eng weider Dräierkoalitioun no de Walen
Lëtzebuerg wäert och no den nächste Walen nees vun enger Dräierkoalitioun regéiert ginn, dat steet fir den Tommy Klein vun der ILRES fest. Oppe wier just d'Fro, wéi eng dräi Parteien dat kéinte sinn.

All Fënnefte gouf bannent engem Joer Affer vu Gewalt
20 Prozent vun de Leit tëschent 16 a 74 Joer si bannent engem Joer op d'mannst eng Kéier Affer vu Gewalt ginn. Déi meescht Affer géifen dat awer fir sech halen. Dat geet aus enger Etüd vum STATEC ervir.

François Bausch: Zwee wichteg Projete fir dat lescht Joer an der Regierung
Et bleift dobäi: de François Bausch strieft kee weidert Minister-Mandat un.A sengem leschte Joer an der Regierung leien dem François Bausch awer zwee Projeten nach besonnesch um Häerz.

35-Stonne-Woch
Eng vun de politeschen Diskussioune vun 2022 war iwwer d'Verkierzung vun der Aarbechtszäit. Wat géif dat bedeiten? Méi Attraktivitéit fir de Standuert Lëtzebuerg oder awer méi Stress fir de Salarié?

D'Immobiliepräisser klamme méi lues
D'Hausse vun de Präisser um Immobiliëmaart bleift an de leschten zwielef Méint markant. An dat obwuel d'Aktivitéit um Marché staark ofhëlt. Dat schreift den Observatoire de l'Habitat a senger leschter Analys.

Punktuell Steiererliichterunge fir 2023 méiglech
D'Yuriko Backes hält et nach ëmmer fir méiglech, datt d'Steieren dat nächst Joer punktuell erofgesat ginn. Et wier awer schwiereg, prezis Previsiounen ze maachen, esou d'Finanzministesch.

Entworf zur Landesplanung: een "Tiger ouni Zänn"
De Mouvement Ecologique beschreift den Entworf zur Landesplanung als "Tiger ouni Zänn". D'Landesplanung ie rnach ëmmer der Gemengenautonomie an dem Privateegentum ënnergeuerdent.

CLAE proposéiert ee Ministère fir d'Citoyennetéit
Associatiounen, déi sech ëm Auslänner këmmeren, solle méi agebonne ginn, fuerdert de CLAE. De Comité de liaison des associations d'étrangers proposéiert dofir d'Schafung vun engem Ministère fir d'Citoyennetéit.

Henri Kox wëllt u Reform vum Loyersgesetz festhalen
Déi ëmstridde Reform vum Loyersgesetz gesäit ënner anerem vir, datt Proprietäre pro Joer maximal 3,5 Prozent vum Kapital, wat si an eng Wunneng investéiert hunn, däerfen als Loyer verrechnen.

Wéi eng Zukunft fir déi Lëtzebuerger Wirtschaft?
Wéi wäert déi Lëtzebuerger Wirtschaft sech bis 2050 entwéckelen? De Wirtschaftsministère wëllt d'Meenung vun der Ëffentlechkeet duerch eng Online-Ëmfro kréien. Dräi verschidden Zenarie gi proposéiert.

Pacte Logement 1.0: Ziler goufen net erreecht
D'Ziler vum Pacte Logement 1.0 si bei wäitem net erreecht ginn, dat geet aus engem Monitoring vum LISER ervir. Den éischte Pacte Logement war vun 2008 bis 2020 a 96 Gemengen a Kraaft.

Frank Engel: "D'Vollek ass Geisel vun der Parteipolitik"
De Spriecher vu Fokus seet, datt d'Trennung vun de Chamber- a Gemengewalen "widdersënneg" wier. Seng Partei fuerdert, fir d'Walen d'nächst Joer op deem selwechten Dag ze halen.

CNFP: Lëtzebuerg wäert warscheinlech net an eng Rezessioun falen
De Conseil national des finances publiques huet op senger Presentatioun vum Staatsbudget eng signifikant strukturell Verschlechterung vun de Staatsfinanzen virausgesot. Zu enger Rezessioun géif et awer net kommen.

Plan directeur: Grouss Linne fir d'Landesplanung
Viru kuerzem gouf de Plan directeur fäerdeg, ee vun de wichtegsten Instrumenter vun der Landesplanung. D'Gemenge misste bei den Diskussioune méi agebonne ginn, fuerdert de Syvicol.

D'CNS an hire strukturelle Finanzéierungsproblem
De Budget vun der CNS fir 2023 beleeft sech op 4 Milliarden Euro, a wäert mat engem geschaten Defizit vun zéng Milliounen Euro ofschléissen. Dee Minus mécht Suergen, well en op e strukturelle Problem hiweist.

Wirtschaftsbarometer: Stëmmung geet weider an de Keller
Energie-Kris, Inflatioun, geopolitesch Ongewëssheet si Gëft fir déi ekonomesch Entwécklung. Dat schléit sech och am Wirtschaftsbarometer néier, enger reegelméisseger Enquête vun der d'Chambre de Commerce.

Syvicol: 36 Propose fir déi nächst Legislaturperiod
De Syvicol fuerdert, datt d'Regierung d'Gemengen als Partner soll ugesinn. De Gemengesyndikat huet en vue vun de Chamberwale 36 Propose fir déi nächst Legislaturperiod op den Dësch geluecht.

OGBL: Leeschtunge vun CNS sollen net gekierzt ginn
Léiwer d'Cotisatiounen eropsetze wéi Leeschtunge kierzen: dat ass d'Positioun vum OGBL fir den Defizit bei der CNS auszegläichen. Och en Ophiewe vun der Deckelung kéint d'Léisung sinn, seet d'Lynn Settinger.

CNFL: "D'Frae ginn an der Politik gebraucht"
Wéi kritt ee Fraen iwwerzeegt an d'Politik ze goen? De CNFL wëllt virun de Gemengewale sensibiliséieren. De Changement an de Mentalitéite bräicht awer Zäit, seet d'Claudine Speltz vum CNFL.

Nei Publikatioun vum Ministère fir Landesplanung
A senger neier Serie "Karten an Zuelen" verëffentlech de Ministère fir Landesplanung eng Rei Fakten iwwer Landesplanung a Landesverbauch zu Lëtzebuerg. Dëst ass e wichtegt Instrument fir Landesplanung.

De Mieterschutz kritiséiert d'Reform vum Bail à Loyer
Mam neie Gesetz iwwer de Bail à Loyer kéint ee generell liewen, esou de Fabio Spirinelli vun der Mieterschutz asbl. D'Roll vun de Mietkommissiounen an de Rechemodell missten awer iwwerduecht ginn.

CNS: weider rout Zuelen
D'Finanze vun der CNS bleiwen am roude Beräich: Den Defizit läit fir 2022 viraussiichtlech bei 55 Milliounen Euro. Dat Joer drop soll e bei 10 Milliounen Euro leien. D'Reserve kéinte bis 2027/28 opgebraucht sinn.

Ginette Jones: "Aarmut mécht midd"
Sozial Hëllefen ënnerstëtzen d'Leit beim Iwwerliewen, mee déi laangfristeg Prekaritéit huet een Impakt op d'Gesondheet vun de Leit, seet d'Presidentin vun der Entente des offices sociaux.

Nei Mesuren am Beräich vun de Logementspräisser: Wéi effikass si se?
D'Regierung ass an de leschte Wochen a Saache Logementspräisser aktiv ginn. Mee déi ugekënnegt Mesurë ginn net wäit genuch fir d'Wunnengskris ze léisen, seet den Direkter vu der Agence Immobilière Sociale.

Wéi d'Politik mat der Strenz viru Walen ëmmer nees beléift gëtt
Zënter 2020 ginn historesch Defiziter zu Lëtzebuerg realiséiert. Trotzdeem wëlle vill Politiker d'Sue weider mat der Strenz ausdeelen. Si sollte sech net dobäi erwësche loosse just nach wëllen de Wieler ze gefalen, mengt de Jean-Claude Franck.

Antoine Paccoud: Mobiliséierungssteier wäert Friichten droen
De Chercheur vum LISER schwätzt vun enger "neier Zäit" déi mat der Reform op de Grondsteiere géif agelaut ginn. D'Logik, no där ongebremst Grondbesëtz konnt accumuléiert ginn a grouss Ongläichheeten entstane sinn, géif gebrach ginn.

LSAP wëllt Koalitioun net a Fro stellen
D'LSAP hofft, datt d'Regierungskoalitioun sech nach iwwer eng gréisser Steierreform eens gëtt. Et misst ee kucken, wéi een d'DP nach iwwerzeegt kritt, esou d'LSAP-Presidentin, d'Francine Closener.

Steierreform: DP wëllt kucken, "wat budgetär méiglech ass"
Ass d'DP de grousse Bremser fir eng Steierreform? De Gilles Baum weist dee Reproche zeréck. Et wier een net prinzipiell géint eng kleng Steierreform nach virun de Walen, esou den DP-Fraktiounschef.

Déi Gréng fuerderen eng "Solidaritéitssteier"
Déi Gréng Fraktiounscheffin seet, et wier realistesch datt nach virun de Walen eng Rei Mesuren ëmgesat ginn, déi de Steiersystem méi gerecht maachen. Un eng grouss Steierreform géif si awer net méi gleewen.

Statec-Direkter: D'Kuerzzäit-Indicateure weisen a Richtung Stagnatioun
D'Inflatioun an d'Géigemesuren hunn och en Impakt op d'ekonomesch Croissance. Déi Lëtzebuerger Wirtschaft kéint virun enger Stagnatioun stoen, sou de Statec-Direkter Serge Allegrezza.

Housing-First Projet vu Caritas scheitert um Wunnengsmarché
De Projet Housing-First fir Fraen, déi op der Strooss liewen, scheitert bis elo un der Wunnengssich. D'Caritas, déi de Projet geréiere soll, fënnt keng passend Wunnengen.

DP schléisst Upassung vu Steiertabell weider aus
D'DP wëllt weider op Steierkreditter setze fir d'Kafkraaft vun de Leit ze stäerken, seet de Gilles Baum. Hie schléisst aus, datt de Steier-Barème an der aktueller Situatioun un d'Inflatioun wäert ugepasst ginn.

Tankrabatt: Jonk Gréng sinn "net enttäuscht" iwwer hir Mammepartei
De Spriecher vun de jonke Grénge seet, hie wier weder glécklech nach enttäuscht iwwer der Regierung hir Decisioun fir den Tankrabatt bis Enn vun dësem Mount ze verlängeren.

D'CNS rechent mëttelfristeg mat engem Defizit bei der Fleegeversécherung
An der Fleegeversécherung wuessen d'Depensë weider méi séier wéi d'Recetten. Nach féiert déi Tendenz net dozou, datt rout Zuele geschriwwe ginn. Dat kéint sech awer mëttelfristeg änneren, seet den CNS-President.

Illegal Loyershaussen: Mieterschutz fuerdert Stäerkung vu Mediatioun
De President vum Mieterschutz Jean-Michel Campanella fuerdert, datt d'Gemenge méi Méiglechkeete kréie fir ze schlichten, wann et zu Sträit tëscht engem Locataire a sengem Vermieter kënnt.

Wunngeld: "Et ass keng Fro vu Schummen, et ass eng Fro vu Recht drop hunn"
Knapps ee Fënneftel vun de Leit, déi en Urecht op Wunngeld hunn, gräift och drop zeréck. Den Henri Kox wëllt dësen Taux eropkréien: dofir soll neit Personal agestallt an eng nei Campagne lancéiert ginn.

Georges Mischo: "Duebelmandat huet just Virdeeler"
Huet een als Buergermeeschter genuch Zäit fir och an der Chamber ze sëtzen, oder wier et besser d'Mandater ze trennen? Den Escher Député-maire gesäit just Virdeeler a sengem Duebelmandat.

Yuriko Backes: Méiglech Degradatioun vu Finanzsituatioun vum Staat
Et misst an den nächste Méint mat enger Degradatioun vun der Finanzsituatioun vum Staat gerechent ginn, seet d'Yuriko Backes. D'CSV wonnert sech iwwer eng "Weltënnergangsstëmmung", esou d'Diane Adehm.

Yuriko Backes: Mir mussen eis der Decken no strecken
No der grousser Steierdebatt gëschter an der Chamber zitt d'Finanzministesch hir Conclusiounen aus der Diskussioun: Et kéint ee sech am aktuelle Kontext keng grouss Spréng erlaben.

Waasserverwaltung: Niddreg Peegele vu Flëss a Baache sinn ee Problem
Et feelt hei am Land u Waasser: dat ass op déi laang Dréchent zeréckzeféieren. De Waasserstand vun de Flëss a Baachen ass ganz niddereg, an dat fänkt un e Problem ze ginn, seet de Luc Zwank.

Regierungsmajoritéit wëllt Steiersystem punktuell upassen
D'Majoritéit ass sech 100,7-Informatiounen no fir Upassunge vum Steiersystem eens ginn. Ë.a. soll de Steierkredit fir Elengerzéiender an d'Luucht goen, den Amortissement accéléré weider limitéiert ginn.

DP: "Kënnen eis keng ëmfaassend Steierreform leeschten"
No Meenung vun der DP-Fraktioun wier et an dësen Zäiten "absolut onverantwortlech" esou eng ëmfaassend Steierreform ëmzesetzen. Ouni Pandemie an Ukrain-Krich hätt ee sech eng Steierreform kënne leeschten.

D'Office-socialle warne virun Enkpäss
D'Präisser klammen an d'Office-socialle rechnen an de nächste Méint mat méi Ufroen. Et kéint och zu personellen Enkpäss kommen, wa bannent kuerzer Zäit vill Demandë bäikommen, seet d'Ginette Jones.

Logement: IWF mécht Lëtzebuerg konkret Proposen
Den Internationale Wärungsfong lueft de Pacte Logement 2.0 an de Baulandvertrag. Déi Mesurë ginn dem IWF awer net duer - si maache Lëtzebuerg konkret Proposen, zB keng Leit am Secteur public méi anzestellen.

Gilles Baum: OGBL soll bei weideren Diskussioune mat um Dësch sëtzen
Wann eng weider Indextranche erfält, déi och ëm e puer Méint verréckelt a kompenséiert muss ginn, missten d'Sozialpartner nees zesummekommen, seet de Gilles Baum. Och den OGBL misst hei derbäi sinn.

Piratepartei: Gemeinsam Wallëscht mat Fokus ass "keng Optioun"
D'Piratepartei hätt keen Interessi dru mat der neier Partei "Fokus" zesummen ze schaffen, seet de Starsky Flor. Hie huet betount, seng Partei hätt aus der Kooperatioun mat der PiD bei de leschte Wale "geléiert".

Sergio Ferreira: Diskriminatioun vu Portugis:innen ass objektiv Tatsaach
De Jean Asselborn hätt e komplett falscht Bild vun der portugisescher Emigratioun op Lëtzebuerg, seet de Sergio Ferreira. Den Ausseminister géif Immigrant:innen ënnerstelle just heihin ze komme fir ze profitéieren.

Nationale Mobilitéitsplang: Och eng Chance fir d'Stad Lëtzebuerg
An der Stad Lëtzebuerg muss a punkto Mobilitéit direkt an grondleeënd ëmgeduecht ginn, fënnt d'Isabelle Medinger, Direktesch vun der Sécurité Routière.

Spuerkeess: "Den Immobiliemarché reguléiert sech selwer"
D'Zënse sinn zwar am Gaang ze klammen, mee d'Direktesch vun der Spuerkeess Françoise Thoma mécht sech trotzdeem keng Suergen iwwer d'Geschäft mat Immobilieprêten.

212.000 Frontaliere pendelen all Dag iwwer d'Grenz
Zu Lëtzebuerg schaffe 458.000 Leit, déi grouss Majoritéit dovun huet net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Bal d'Hallschent vun de Leit, déi hei am Land schaffen, wunnen och net zu Lëtzebuerg.

Yuriko Backes gesäit "duerchduecht a responsabel Budgetspolitik" vir
D'Situatioun vun de Staatsfinanze wäert sech dëst Joer verschlechteren. Den Defizit beim Zentralstaat soll fir 2022 bei 400 Milliounen Euro iwwer deem leien, wat virgesi war, esou d'Budget- a Finanzministerin.

Méi Lëtzebuerger verloossen d'Land
D'lescht Joer si méi Lëtzebuerger aus Lëtzebuerg ausgewandert, wéi der op Lëtzebuerg komm sinn. Dat huet de STATEC an enger Etüd festgestallt. Ee vun de méigleche Grënn: déi héich Logementspräisser.

"Mir kéinte jo mol eng Kéier zu Lëtzebuerg eppes séier maachen"
100.000 nei Wunnenge fir de Logements-Problem konkret unzepaken: mat där Fuerderung ass Fokus d'lescht Woch an d'Ëffentlechkeet gaangen. Et war ee vun den éischten inhaltlechen Akzenter, dee vun der neier Parteie héiere war.

Fred Keup: "Et muss der Rei no goen"
D'ADR bleift bei hirem kategoreschen "Nee" zum Auslännerwalrecht, seet de Fred Keup. D'Walrecht kéint een eréischt da kréien, wann een d'Lëtzebuerger Nationalitéit krut, seet den neien ADR-President.

déi gréng: En Nationalkongress ouni Mësstoun
Anescht wéi bei der CSV, si bei déi gréng um Nationalkongress haut keng Personal-Entscheedunge gefall. Kritesch Téin zum Accord, dee sech an der Tripartite dës Woch ofgezeechent huet, gouf et och keng.

Spëtzekandidat: D'CSV hëllt eréischt d'nächst Joer eng Decisioun
D'CSV wëllt eréischt d'nächst Joer annoncéieren, wien d'Spëtzekandidatur bei de Chamberwalen iwwerhëlt, seet d'Elisabeth Margue. Si soll muer um CSV-Kongress als nei Parteipresidentin gewielt ginn.

Fred Keup ass neien ADR-Parteipresident
De Fred Keup ass neien President vun der ADR. Den Deputéierte gouf de Sonndeg Moien um Nationalkongress vun der Partei zu Réiser als Nofollger vum Jean Schoos gewielt.

Den Henri Kox gesäit sech duerch den IWF a senger Aarbecht bestätegt
Fir den Drock um Wunnengsmarché ze reduzéiere sinn urgent Mesuren néideg, sou den Internationale Wärungsfong. De Logementsminister gesäit sech a senger Politik bestäteg, et géifen awer nach eng Rei Hausaufgaben ze maache bleiwen.

IWF: Inflatioun a Logement als Risikofacteure fir Lëtzebuerg
Lëtzebuerg wier ekonomesch gutt duerch d'Pandemie komm, den Internationale Wärungsfong warnt awer viru Risiken. D'Regierung misst urgent beim Logement ze handele fir den Drock aus dem Wunnmarché ze huelen.

Recht op Eegentum awer kee Recht op Wunnéng?
De Michel Pauly, Mataarbechter vun der Zäitschrëft Forum, bedauert, datt dat d'Kapitel II vun der neier Verfassung der gesellschaftlecher Entwécklung net genuch Rechnung dréit.