Literatur Buchkriticken

D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

Bicher
Foto: Bigstock / Nikita Burdenkov
cover_dameblanche.JPG
Gezeechent

D'BD "La Dame blanche" geet ëm Altersheemer, speziell ëm d'Leit, déi do schaffen, hiert Verhältnis zu de Residenten, a wéi si mat der stänneger Presenz vum Doud an hirem Liewen ëmginn.

Birgit Weyhe, Rude Girl
Birgit Weyhe, Rude Girl

Kann een als wäiss däitsch Autorin d'Liewensgeschicht vun enger Afroamerikanerin vu Chicago erzielen? Déi Fro stellt sech d'Birgit Weyhe - eng faszinéiert Biographie, mengt de Jeff Thoss.

Cover Ce que nous sommes
Gezeechent

Just e Gehier an engem Tank? A "Ce que nous sommes" féiert eis de Zep an Welt, an där d'Mënsche permanent mat engem Computer verbonne sinn an a virtuelle Realitéite liewe kënnen.

Quallen Samuel Hamen
Buchkritik

De lëtzebuerger Schrëftsteller Samuel Hamen huet en ëmfangräiche Portrait iwwer déi geheimnisvoll Jelliskäpp geschriwwen. D'Buch koum elo bei Matthes & Seitz eraus.

Evke Rulffes: Die Erfindung der Hausfrau
Buchrezension

Seit den 1970er Jahren geht der Anteil der Nur-Hausfrauen deutlich zurück, die Rollenmuster erweisen sich jedoch als hartnäckig. Evke Rulffes beleuchtet in ihrem Buch Vergangenheit und Gegenwart.

cover_das gutachten.JPG
Jennifer Daniel, Das Gutachten

An "Das Gutachten" hëlt eis d'Jennifer Daniel mat op Bonn, wou sech d'Weeër vun engem fréiere Wehrmachtszaldot an eng RAF-Sympathisantin kräizen. E Krimi, deen och e Portrait vun der aler Bundesrepublik an hire Widderspréch ass.

Laura Nsafou - Nos jours brûlés
Buchkritik

An hirem neie Buch kreéiert d'Laura Nsafou eng Dystopie, wou sech afrikanesch Mythologie a Fantasy begéinen.

Moi, je suis Rosa.jpeg
Buchkritik

D'Lady Rosa of Luxembourg Skulptur vun der Sanja Iveković hat 2001 fir vill Polemik gesuergt. D'Nathalie Ronvaux hat ee beandrockend Theaterstéck doriwwer kreéiert, wat elo och a Buchform eraus ass.

Tom Weber - Fluides Herz
Gedichtband

"Fluides Herz" krut 2020 den nationale Literaturpräis an der Kategorie "Jonk Autorinnen an Auteuren". Et ëmfaasst Gedichter déi fléissen an och mol zerfléissen. Een erfrëschend Buch, fënnt d'Valerija Berdi.

"Der mond ißt äpfel"
Haiku

An "der mond ißt äpfel" presentéiert den Thanhäuser Verlag Haikuen aus dem Vermächtnis vum Lyriker Hans Carl Artmann, niewent Texter an Zeechnunge vu Schüler:innen aus zwou éisträichesche Grondschoulen.

"Schortgen" vum Charel Meder a Marc Angel
Graphic Novel

E Portrait vum éischte Lëtzebuerger Deputéierte Jean Schortgen a Form vu Graphic Novel: "Schortgen. En Eisefrësser an der Chamber" (Editions Guy Binsfeld/Gemeng Käl-Téiteng) vum Duo Meder/Angel.

Tomas Bjørnstad - Von der schönen Erde
Literatur

Mam Wierk "Von der schönen Erde" publizéiert den Tomas Bjørnstad säin drëtt Buch. Et ass ee Pseudonym, vum Auteur selwer ass net vill gewosst. Wie verstoppt sech hanner deem Pseudonym?

Johannes Laubmeier - Das Marterl
Literatur

"Das Marterl" heescht den Debütroman vum Johannes Laubmeier. Et ass e Buch iwwer de Verloscht, d'Heemecht a virun allem d'Erënneren. De Max Tholl huet de Schrëftsteller zu Berlin getraff.

Uwe Timm - Der Verrückte in den Dünen
Uwe Timm - Der Verrückte in den Dünen

A sengem rezente Wierk "Der Verrückte in den Dünen" geet den däitsche Schrëftsteller Uwe Timm dem Gedanke vun Utopien op d'Spuer. Hien hëllt eis mat op Reesen an Argentinien, an de Paraguay.

Life of Che
Graphic Novel

"Life of Che" war déi éischt Comic-Biographie vum Che Guevara a koum 1969 an Argentinien eraus. D'Buch gouf vun der Militärdiktatur verbueden an zerstéiert, eng restauréiert Editioun erlaabt et op en Neits ze entdecken.

A Bord Paul Mathieu.JPG Buchkritik
Poesie

"Glisser l'image vers l'imaginaire", dat ass dem Paul Mathieu säi Programm an der Gedichtssammlung "À Bord" (Phi). Ee vu fënnef Selektionnéierten op der Shortlëscht vum Servais-Präis 2022.

Claude Schmit Les fleurs du mâle Buchkritik
Literatur

Zwee Paräisser Flicke reagéieren - jiddereen op seng Manéier - op d'Kris vun der Männlechkeet. "Les Fleurs du mâle" (Phi) vum Claude Schmit ass e graffen a gläichzäiteg subtil zweedeitege Krimi.

Mary Carey - Irresistible Blending Buchkritik
Literatur

Eng mënscheschei Molerin, eng Post-Hippie-Gemeinschaft an onerklärlech Mutatiounen: "Irresistible blending" (Black Fountain Press) ass den Debutroman vun der Kanadierin Mary Carey.

Elise & les nouveaux partisans
Dominique Grange & Tardi: "Elise et les nouveaux partisans"

D'Dominique Grange erzielt vun hirem Parcours tëschent de spéider Fofzeger- an de Siwwenzegerjoren. D'BD ass meeschterhaft ëmgesat a fänkt déi d'onroueg Atmosphär an de Paräisser Stroosse vun deemools perfekt an..

Guy Helminger - Lärm
Literatur

Wien ass de Konrad Schnittweg? Wouhin a wisou ass hie verschwonnen? Dës Froe stellen sech am neie Roman "Lärm" vum Guy Helminger. Äntwerte kritt een u sech keng. Dofir awer wonnerbar Liesmomenter.

cover_grandvide.JPG
Léa Murawiec, Le grand vide

Der Léa Murawiec hir Heldin a "Le grand vide" ass mat der Welt, esou wéi se ass, net averstanen. Hir Protagonistin dreemt dovun, an eng Commaunitéit vun Aussteigger an enger Offline-Existenz ze fléien.

Opus Das Kulturmagazin der Großregion
Kulturzäitschrëft

Déi nei Editioun vun der Kulturzäitschrëft vun der Groussregioun "Opus" beliicht de Schwéierpunkt den Egoismus an Egozentrik ënner ville verschiddenen Aspekter.

Marco Schank - Die Wahrheit gehört ans Licht
Literatur

E verléifte Kommissär, eng rüsteg Bomi an e Kriminalfall, deen an den Zweete Weltkrich féiert. Dem Marco Schank säi Krimi "Die Wahrheit gehört ans Licht" féiert an en Éisleker Duerf.

Nora Wagener - Was habe ich verpasst
Literatur

Am Buch "Was habe ich verpasst" huet d'Nora Wagener zwielef Kuerzgeschichte publizéiert. Si beschreift Alldagssituatiounen, andeem si eng weider Kéier hir reng a musikalesch Sprooch ënner Beweis stellt.

Patricia Lippert Der Blaue Pilz und die Schnecke
Literatur

Wat hunn e Pilz am Nuetshiem an e Schleek ouni Haus gemeinsam? Datt mat hinnen zu Onrecht de Geck gemaach gëtt, fënnt d'Patricia Lippert an hirem neie Kannerbuch "Der blaue Pilz und die Schnecke".

Guy Rewenig Den Herkull Heng Buchkritik
Literatur

A sengen ''Onméigleche Geschichte" mat onméiglechem Titel setzt sech de Guy Rewenig kritesch a spilleresch mat der klengkaréierter Natioun vun héichbezuelten, iwwerempfindleche Kulturbanausen auserneen.

Groeber - Nuetsfuerer Buchkritik
Literatur

A sengem neie Roman "Nuetsfuerer" (Op der Lay) léisst de Gast Groeber e bäigepraffte Stater Hobbyschrëftsteller an déi däischter Geschicht vun engem Éisleker Duerf andauchen. Dat kléngt just spannend...

6fa85403-638c-7887-9059-fbbbde5589b4.jpg
Literature

Nora Wagener, Guy Rewenig, Gast Groeber a Maryse Krier - véier nei Publikatiounen um Lëtzebuerger Bichermaart stinn op Stiefesdag um Programm vun der Valibrairie.

Rachel - Bob Kieffer Buchkritik
Literatur

E Stierweskranke léisst et an der Wüüst vun Nevada auskléngen... De Bob Kieffer setzt a senger Kuerzgeschicht "Rachel" (Kremart/Timba) en desillusionéierte Lëtzebuerger Banquier an Zeen.

Das Gangrän Buchkritik
Maxime Weber - Das Gangrän

Den Ënnergang vun der Welt a vu Lëtzebuerg, eng spekulativ Fiktioun, déi et op allen Niveauen a sech huet. An "Das Gangrän" vereent de Maxime Weber alles, wat gutt Literatur ausmécht, mengt d'Valerija Berdi.

Jeff Schinker - Ma vie sous les tentes Buchkritik
Literatur

D'Festivalliewen als Flucht aus enger vum Kapitalismus zerstéierter Gesellschaft. Dem Jeff Schinker säin neie Roman "Ma vie sous les tentes" (Editions Hydre) ass u sech eng Flucht - iwwert d'Sprooch.

Pflaumenregen
"Pflaumenregen" vum Stephan Thome

In seinem neuen Roman "Pflaumenregen" nimmt Stephan Thome seine Leser in seine Wahlheimat Taiwan. Sein Roman richtet den Blick auf eine Nation, die Ziel von variablen politischen Interessen ist.

Haruki Murakami - Gesammelte T-Shirts
Haruki Murakami: Gesammelte T-Shirts

In seinem neuen Buch "Gesammelte T-Shirts" gewährt Haruki Murakami Einblick in seinen Kleiderschrank. Die Literatur spielt nur eine Nebenrolle. Angelika Thomé hat das Buch gelesen - und ist enttäuscht.

Jan Wagner - Der glückliche Augenblick Buchkritik
Jan Wagner - Der glückliche Agenblick

De Jan Wagner weist Méiglechkeeten, déi d'Lyrik bereetstellt, fir d'Welt mat aneren Aen ze betruechten. Wie sech vun dësen Texter afänke léisst, dee gëtt ouni Zweiwel gefesselt, mengt de Léon Rinaldetti.

Amanda Gorman
Amanda Gorman - The Hill We Climb - Den Hügel hinauf

D'Armanda Gormann huet vill vu sech schwätze gedoen: d'Gedicht vun der amerikanescher Lyrikerin, virgedroe bei der Inauguratioun vum Joe Biden, koum elo an enger englesch-däitscher Ausgab eraus.

Uuups, mir si krups! Buchkritik
Literatur

Dat op Héichglanzpabeier gedréckte Buch "Uuups, mir si krups!" versammelt satiresch Texter vum Jean-Pol Roden an Illustratioune vum Ingo Schandeler. Dat Ganzt verschmëlzt zu engem liewege Sammelsurium.

Nadija Rebronja - Flamenco Utopie
Buchkritik

Editions Phi hunn eng zweesproocheg Publikatioun vun de Gedichter vun der Nadja Rebronja erausbruecht. Net de Balkan, mee Andalusien ass d'Häerz vun der Lyrik vun der kosmopolitescher Schrëftstellerin.

Jeffrey Palms I'm having a Knippchen
Literatur

En Amerikaner hei am Land wëllt seng ganz subjektiv Vue op déi lëtzebuergesch resp. europäesch Kultur ginn. A sengem Buch "I'm having a Knippchen" schwätzt den Jeffrey Palms dann awer méi iwwer d'USA.

Andreas Schwab - Zeit der Aussteiger Buchkritik
Andreas Schwab - Zeit der Aussteiger

In "Zeit der Aussteiger" unternimmt Andreas Schwab eine Reise zu Künstlerkolonien. Dabei begegnet der Leser Berühmtheiten, aber auch zahlreichen Künstler, die bis heute in deren Schatten stehen.

Klaus Modick - Fahrtwind Buchkritik
Klaus Modick - Fahrtwind

Der Autor und Übersetzer Klaus Modick schickt in seinem neuen Roman "Fahrtwind" einen Taugenichts gen Süden. Als Vorbild dient "Aus dem Leben eines Taugenichts" von Joseph von Eichendorff.

Premières Amours
Buchkritik

Zwielef Lëtzebuerger AutorInne schreiwen iwwer éischt Léift(en), a kuerze Geschichten an der Sprooch vun hirem Choix goufe si gefrot, sech zum genannte Sujet auszedrécken. D'Valerija Berdi huet d'Buch gelies.

Untitled-1.jpg Buchkritik
Mieko Kawakami "Brüste und Eier"

Die 45-jährige japanische Autorin Mieko Kawakami malt in ihrem Roman "Brüste und Eier" ein düsteres Bild von der japanischen Gesellschaft und wie schwer es für Frauen ist, sich in diesem System zu behaupten.

nos cahiers
Patrimoine

Reliéis Konscht, UNESCO, Kulturierwen... De Patrimoine a senge verschiddene Forme ass de Schwéierpunktthema vun der neier Nummer vun "Nos Cahiers. Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur".

Yukiko Motaya - Die einsame Bodybuilderin Buchkritik
Yukiko Motoya - Die einsame Bodybuilderin

Männer aus Stroh und Aliens in der Umkleidekabine: Yukiko Motoyas Geschichten stecken voller Überraschungen. Das Band "Die einsame Bodybuilderin" ist jetzt erstmals auf Deutsch erschienen.

Daisy Fiedler
Literatur

"Erinnerungen kümmern sich nicht um Wind und Wetter, mit Regentagen haben sie wenig im Sinn, es sei denn, Langeweile gebiert Dummheiten oder Poetisches." An hirer neier Erzielung "Daisy Fiedler" geet d'Margret Steckel erëm der Vergaangenheet op d'Spuer.

Hémecht Juli 2021
Geschicht

D'Covid-Noutmesurë vum Fréijoer d'lescht Joer verroden eng onbewosst Erënnerung un d'Peschterfarung hei am Land, schreift de Michel Pauly an engem Artikel vun der aktueller Nummer vun "Hémecht".

E Bléck hanner de Covid-19 am Kulturhaus Niederanven
Kanner a Corona

Eng Ausstellung déi nach bis den 28. Juli am Kulturhaus zu Nidderaanven ass, soll engem jonke Public d'Wëssenschaft hanner der Corona-Pandemie méi nobréngen. De Ben Kobs war dës Ausstellung fir eis besichen.

Stack of books background. a lot of books. A stack of books of different thicknesses in the library, a pile of old books, back to school
Video

Zesumme mam CNL kommen an eiser Literatur-Emisioun VaLibrairie d'Autorinnen an Auteuren mat hiren neie Bicher zu Wuert.

Echos Kammern
Iris Hanika - "Echos Kammern"

Narziss und Echo, rund um diese beiden mythologischen Figuren webt Iris Hanika ein enges Netz aus Gedanken zu aktuellen Themen. Angelika Thomé stellt das Buch vor.

Couleurs intime.JPG Buchkritik
Literatur

Am autobiographeschen Text ''Couleurs de l'intime'' (Editions Phi) beschreift d'Michèle Frank hir Kandheet a Jugend, déi vun der Geschicht a schwierege Familljeverhältnesser belaascht waren.

Tom Hengen - Journeys into Modern Mythologies Buchkritik
Literatur

Den Tom Hengen, Laureat vum Nationale Literaturconcours 2011, huet elo en zweete Gedichtband verëffentlecht. "Journeys into modern mythologies'' ass eng kontrastéiert spirituell Rees.

Ouereschlëffer Buchkritik
Literatur

​''Ouereschlëffer" ass den zweeten a leschte Band vum Jemp Schuster sengem Duerfepos. Wärend den éischten Deel ''Bluttsëffer'' eng Welt opgebaut hat, fält déi am zweeten auserneen. E grousse Worf!

Yorick Schmit - Weeër a Spueren Buchkritik
Yorick Schmit - Weeër a Spueren

"Weeër a Spueren" heescht déi nei Publikatioun vum Yorick Schmit, déi elo an der Serie Timba bei Editions KremArt erauskomm ass. Et ass e Gang duerch de Familljebësch an Erënnerungen, déi mat dësem Stéck Natur verbonne sinn.

VaLibrairie
Podcast

Eng nei Emissioun,an där d'Literatur am Mëttelpunkt steet. D'Valerija Berdi huet haut d'Ekipp aus der Kulturredaktioun an de Studio invitéiert fir d'Welt vum Buch ze diskutéieren an ze kommentéieren.

Dunkelgrün, fast schwarz
Lauschterbuch

Der éisträichescher Schrëftstellerin hiren Debutroman ass elo als Lauschterbuch eraus komm. Déi weiblech Stëmmen iwwerzeegen, mee stilistesch ass d'Buch mat Momenter eng Katastroph, fënnt d'Valerija Berdi.

TaharSlimani Buchkritik
Reesliteratur

A sengem Essai "Mes Voyages avec André Brugiroux" (Editions Phi) beschreift den Tahar Slimani de reliéis ugehauchte Liewensstil vu sengem Globe trotter-Kolleeg - hält sech selwer awer verdächteg zeréck.

Margret Steckel - Rede zur Literatur
Margret Steckel - Rede zur Literatur

Zanter 2017 publizéiert den Nationale Literaturarchiv Essaye vun Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren, wou si hiren eegene Schreifprozess reflektéieren. Am aachte Band ass et d'Margret Steckel, déi sech mat hirem Schreiwen auserneesetzt.

Zoubkoff Buchkritik
Buch

D'Schwëster vum leschten däitsche Keeser bestuet a ruinéiert, an da selwer zu Lëtzebuerg zugronn gaang. "Zoubkoff. Le roman (vrai) d'un séducteur oublié" liest sech wéi e laange Paris-Match-Artikel.

Ulrike Bail - wie viele faden tief
Literatur

De Servais-Präis geet dëst Joer un d'Ulrike Bail, fir hire Recueil "wie viele faden tief". De Jury ënnersträicht d'"Kühnheit der dichterischen Sprache", déi vu konventioneller Form a Syntax lassgeléist wier.

An du koumen d'Capybaraen
Kannerbuch

D'Capybaraen musse virun de Jeeër flüchten a sichen Hëllef um Héngerhaff. D'Hénger allerdéngs sinn net begeeschtert, datt hiren Alldag op d'Kopp geheit gëtt. E beréierend Kannerbuch vum Alfredo Soderguit, wat elo op Lëtzebuergesch iwwersat gouf.

Robert Schofield - Treasury of tales Buchkritik
Literatur

Wéi sinn d'Bridder Grimm iwwerhaapt op d'Iddi komm, fir Märercher a Soen ze sammelen? A sengem Roman "The Treasury of Tales" entwërft de Robert Schofield e méiglechen Zenario.

Christian Kracht - Eurotrash
Buchkritik

Sein Großvater war ein Nazi, sein Vater ein Parvenü und seine betagte Mutter hat ihr Geld in die Waffenindustrie investiert. Der Ich-Erzähler in Christian Krachts neuem Roman "Eurotrash" hadert mit seiner Familie.

Frédérique Deghelt - Libertango
Buchkritik

An enger fiktiver Geschicht geléngt et der Frédérique Deghelt den Effet vun der Musek op de Mënsch iwwerzeegend duerzeleeën, mee dëse Roman ass nach vill méi. D'Valerija Berdi stellt e vir.

Tim Reuter
Kultur

Dem Thomas Bernhard säin Hallefbrudder huet e Buch mat Erënnerungen zum 90. Gebuertsdag vum éisträichesche Schrëftsteller erausbruecht. De Frédéric Braun huet sech mam Germanist Tim Reuter iwwer dëst Buch ënnerhalen.

Ronvaux Chesterfield du cinquième.JPG
Literatur

Der Nathalie Ronvaux hire Roman "Le Chesterfield du cinquième" geet ëm Léift a Frëndschaft, déi keng zäitlech Limitte kennen. Cleveren Exercice de style, vläicht e bëssen ze theoretesch.

Siegfried Unseld - Reiseberichte
Buchkritik

D'Reesberichter vum Siegfried Unseld ginn e beandrockenden Aperçu vun deem Verleeër, deen de Suhrkamp-Verlag weesentlech gepräägt huet. Se spigelen déi kulturell Vilfalt erëm, där hien op senge Reese begéint ass.

Pisani Mes Nuits Buchkritik
Poesie

Am Recueil "Mes Nuits sont plus folles que mes jours" versicht den Giulio-Enrico Pisani, seng verstuerwe Léift present ze halen - eng Form vun Trouscht an den Ausdrock vun déiwer Trauer.

Tom Reisen - Miroir ambulant Buchkritik
Literatur

Dem Tom Reisen säin éischte Roman "Miroir ambulant" beschreift eng surrealistesch Enquête iwwer Identitéit. En imaginativen Traitement, deen abstrakt Problemer gräifbar mécht.

Ivo Andric - Insomnia Buchkritik
Literatur

Schlofen, wakereg sinn, eigentlech eng Dichotomie - mee wat, wann et nach en drëtten Zoustand gëtt? Am aphoristesche Sammelband vum Ivo Andrić dréit sech alles ëm d'Insomnie.

Karl 1 Karl.JPG Buchkritik
Literatur

Vor knapp zwei Jahren verstarb Karl Lagerfeld im Alter von 85 Jahren. Der F.A.Z.-Redakteur Alfons Kaiser würdigt den Modedesigner nun in einer intensiv recherchierten Biografie.

Hier - Ein Fehlen Buchkritik
Gedichtband

Lëtzebuerg an déi ganz Welt sinn am neie Gedichtband vun der Fabienne Faust vertrueden. Mat ganz vill Sensibilitéit geet d'Dichterin un ganz aktuell Theemen erun an un un déi, déi ni un Aktualitéit verluer hunn.

Forgiarini Céruse Buchkritik
Literatur

Dem Tullio Forgiarini säin neit Buch "Céruse, ma vie. Entretiens avec Saturnino Bianchi'' (Hydre Editions) ass en deroutéierende ''roman noir'' iwwer en Trauma an de iwwer de Kreatiounsprozess.

Haruki Murakami - Erste Person Singular Buchkritik
Literatur aus Japan

In "Erste Personal Singular" erinnert Haruki Murakami an zufällige Begegnungen in seinem Leben. Es sind rätselhafte Geschichten, die sich jeder Logik entziehen, aber eine starke Anziehungskraft ausüben.

Schlechter Merle Buchkritik
Poesie

D'Angscht virum Doud schéngt iwwerwonnen, elo geet et ëm dat Essentiellt. "Mais le merle n'a aucun message" heescht dem Lambert Schlechter säin neie Gedichtband, mat Zeechnunge vu senger Schwëster Lysiane.

Joseph Funck - Kleines Schicksal
Lauschterbuch

Ee langweilegen Dokter aus der Uewerstad kritt een Hondsdrecksammeler als Patient. Dem Joseph Funck säin "Kleines Schicksal" vun 1934 ass elo als iwwerzeegend Lauschterbuch iwwer heterogen Welten erauskomm.

Bluttsëffer Buchkritik
Literatur

Familljesaga, Duerfchronik, Kulturgeschicht - dem Jemp Schuster säi flotten éischte Roman ''Bluttsëffer'' (Edition Imprimerie Centrale) beschreift d'Kontinuitéiten an d'Bréch vum Liewen um Land.

Faiz Softiv Buchkritik
Faiz Softic - Menschen ohne Adresse

"Menschen ohne Adresse" ass den Titel vum kuerze Roman vum bosneschen Auter Faiz Softic, deen elo an däitscher Iwwersetzung bei Editions Phi erauskoum. Eng skurril Geschicht, déi vill ze zielen huet, fënnt d'Valerija Berdi.

Jean Sorrente Guerre du temps Buchkritik
Literatur

Wéi d'Kollaboratioun mat den Nazien déi nächst Generatioune belaascht ... A sengem komplexe Roman "La Guerre du temps" verschafft de Jean Sorrente eng Kéier méi déi problematesch Geschicht vu senger Famill.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen