Duerch d'Corona-Pandemie krut de Jean Muller eng ganz Partie Concerten ofgesot. Déi gewonnen Zäit notzt de Pianist fir en neie Projet: All Woch interpretéiert hien eng Pianossonat vum Beethoven bei sech doheem an der Stuff a setzt de Video online. Parallel dozou gëtt de Jean Muller an der Serie #beethoven20 um radio 100,7 en déiwen Abléck an de Kosmos vun dësen 32 Sonaten. D'Serie #beethoven20 gëtt ënnerstëtzt vum Pianohaus Hübner.
