Dossier Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler
An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.


Schlechte Schüler: Déi komplett Staffel
Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? An eiser éischter grousser Podcast-Serie huele mir Iech mat an d'Schoul. Op d'Sich no Äntwerten.

Kaarten op den Dësch: Wat muss an der Schoul änneren?
Eng Diskussiounsronn mam DP-Educatiounsminister Claude Meisch, der Vanessa Schetgen vum SNE an der Joëlle Damé vum SEW. Moderatioun: Pia Oppel.

Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 1
Am éischten Deel vun eiser Podcast-Serie iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem geet et ëm d'Fro: Firwat scheitere vill Kanner schonn esou fréi an hirem Schoulparcours?

Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 2
Et gëtt scho laang versicht de Schoulsystem méi gerecht ze maachen. Am zweeten Deel vum neien 100,7-Podcast geet et ëm d'Fro, firwat déi Versich gescheitert sinn.

Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 3
Léisen déi ëffentlech Europaschoulen d'Problemer vun eisem Schoulsystem? Ëm déi Fro geet et am drëtten Deel vun der 100,7-Podcast-Serie "Schlechte Schüler".

Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 4
Zu Schëffleng léiert elo eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? Ëm déi Fro geet et an der véierter Episod vum "Schlechte Schüler".

Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 5
Kann d'Schoul an den deiere Gemenge ronderëm d'Stad Lëtzebuerg bleiwen, wéi se ass? Ëm déi Fro geet et an der 5. Episod vun eiser Podcast-Serie.

Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 6
An der sechster a leschter Episod vun der 100,7-Podcast-Serie "Schlechte Schüler" geet et ëm sozial Inegalitéiten an eisem Schoulsystem.

Schlechte Schüler: Am Speckgürtel
Invitéen an "Am Fong" sinn d'Pia Oppel an den Alain Massen, President vun der Nationaler Elterevertriedung. Si schwätzen driwwer, ob d'Schoul an den deiere Gemenge ronderëm d'Stad bleiwe kann, wéi se ass.

Wat bréngt eng Alphabetisatioun op Franséisch?
De Marc Schmidt, Direkter vum Centre de Logopédie hofft, datt d'Grondschoule landeswäit op de Wee ginn, fir nieft der däitscher och eng franséisch Alphabetisatioun unzebidden.

Léisen déi ëffentlech Europaschoulen d'Problemer vum Schoulsystem?
D'Direktesch vun der internationaler Schoul zu Miersch ass iwwerzeegt, datt dëse Schoulmodell méi gerecht ass. Ee Gespréich mat der Julie-Suzanne Bausch iwwer déi drëtt Episod vun eisem Podcast "Schlechte Schüler".

Schlechte Schüler: Inegalitéiten am Schoulsystem
Invitéen an "Am Fong" sinn d'Journalistin Pia Oppel an de fréieren Enseignant a Fuerscher Lucien Kerger. Si schwätzen iwwer déi zweet Episod vum Podcast "Schlechte Schüler" an iwwer d'Ongläichheeten am Schoulsystem.

E Bléck hanner d'Kulissen
No néng Méint Aarbecht ass déi éischt Episod vum Podcast "Schlechte Schüler" e Méindeg erauskomm. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland schwätzen driwwer, wéi et war, fir de Podcast ze maachen.

Schlechte Schüler - Déi nei Podcast-Produktioun vum 100,7
Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? An eiser éischter grousser Podcast-Serie huele mir Iech mat an d'Schoul. Op d'Sich no Äntwerten.