Dossier Gemengewalen 2023
Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?


D'ADR wëllt gestäerkt aus den nächste Wale goen
D'ADR wéilt déi véier Sëtz, déi se am Moment um kommunalen Niveau huet, op d'mannst behalen. Dat seet d'Vize-Presidentin vun der Partei Pierrette Koehler am 100,7-Interview.

Méi Kompetenze fir d'"Pecherten"
D'Gemenge kënnen hiren Agents municipaux zënter Ufank vun dësem Joer nei Kompetenze ginn. Wat bedeit dat konkret um Terrain? Mir hunn een Agent wärend e puer Stonne begleet.

Iechternach: D'Meenungen iwwer d'Petite Marquise ginn auserneen
Zu Iechternach gëtt virun de Gemengewale weider driwwer diskutéiert, wéi ee mat den archeologesche Fondstécker soll ëmgoen, déi am Stadzentrum um Site vum fréieren Hotel "Petite Marquise" fonnt goufen.

Projet "Outlet-City" zu Iechternach
Zu Iechternach suerge virun allem zwee Sujete fir kontrovers Diskussiounen. Den Trafic ass ee vun den Haaptsujeten am aktuelle Walkampf ëm d'Gemengeposten. Aktuell leeft zu Iechternach ee grousse Projet, fir souwuel d'Park- wei och d'Verkéierssituatioun ze verbesseren.

Gemengewalen am Juni: Firwat eigentlech?
Firwat sinn d'Gemengewalen dëst Joer eigentlech am Juni, obwuel se soss ëmmer am Hierscht waren? D'Pia Oppel mat engem Réckbléck, wéi et zu dëser Ofännerung komm ass.

Gemeng Rouspert-Mompech zwee Joer nom Héichwaasser
Ongewéinlech vill Reen hat am Juli 2021 fir schlëmm Iwwerschwemmungen uechter d'ganz Land gesuergt. Vill Leit hu missten evakuéiert ginn. Och an der Gemeng Rouspert-Mompech ass ee vun de Waassermassen iwwerrascht ginn.

Piraten: "Mir sinn esou gutt opgestallt, wéi nach ni"
D'Pirate wëllen an all den 13 Gemengen, wou si untrieden, op d'mannst ee Gemengeconseiller kréien. Ass dat net ze héich gepokert? Den Tommy Klein mengt net: "Mir sinn esou gutt opgestallt, wéi nach ni".

Veianen: Tourismus-Magnéit mat lokale Problemer
Den Tourismus bréngt weider vill Leit op Veianen. Trotz ville Visiteure leeft net alles optimal. D'Veianer Schwämm, déi renovéiert muss ginn, an de Kloterpark, sinn nach ëmmer zou.

Escher LSAP: Koalitioun mat der CSV ausgeschloss
Den Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo hätt näischt dogéint fir och nom 11. Juni weider mat Gréngen an DP an enger Koalitioun zesummen ze schaffen. Och mat der LSAP? A wëll d'LSAP iwwerhaapt mat der CSV?

Escher Bilan vum Kulturjoer: Ze mann Public, mee nei Infrastrukturen
An eiser Emissioun "Am Fong, live vun der Brillplaz", gouf et ee Konsens: Et wier gutt, datt Esch nei Infrastrukture fir d'Kultur krut. Mee et wiere Schwieregkeete gi fir de Public ze erreechen.

Ëlwen: Am Schied vun der "grousser Politik"
D'Wieler hunn den 11. Juni zwar de Choix tëscht verschiddene Lëschten, mee d'Parteie spillen trotzdeem keng grouss Roll an der nërdlechster Gemeng vum Land. De Rick Mertens war sech de "Walkampf" op Ëlwen ukucken.

Wéi gesäit de Walkampf zu Wëntger aus?
Wëntger, déi flächeméisseg gréisst Gemeng am Land, kritt nom 11. Juni ganz sécher en neie Buergermeeschter. De Marcel Thommes vun der CSV geet nämlech net méi mat an d'Walen. Wéi gesäit de Walkampf elo aus?

Wolz: rout-blo Koalitioun ass wuel onwarscheinlech
De Wëlzer Buergermeeschter Fränk Arndt ass mat juristeschen Enquête konfrontéiert, mee geet nach eemol mat an d'Gemengewalen. Säin Erausfuerderer Maurice Muller vun der DP fënnt dat keng gutt Entscheedung.

Service-Wüst an der Fiels
D'Liewen um Duerf huet sech verännert. Dat ass och bei dëse Gemengewalen een Theema. Dat, well a villen Dierfer ëmmer manner Déngschtleeschtungen ugebuede ginn. Esou och an der Fiels.

Conter: Drénkwaasser aus der Quell
D'Gemeng Conter wëll hir Populatioun bal ganz mat Drénkwaasser aus der Millbech Quell versuergen. Fir d'Pestiziden eraus ze kréien investéiert d'Gemeng an eng grouss Filteranlag.

Schengen: D'Oppositioun wëllt eng Zentralschoul verhënneren
D'Annette Willems-Kirsch, déi zu Schenge fir d'Oppositiounslëscht "Besser Zesummen" an d'Wale geet, schwätzt sech dofir aus, datt d'Gemeng Schengen hir dräi aktuell Schoulgebaier behält.

Opfaart tëschent Aktivitéitszon an Autobunn: Eng Sich no Léisungen
De Cluster for Logistics fuerdert, datt et fir de Logistikzenter an der Industriezon zu Contern endlech eng Léisung gëtt. Verschidde Propose leien um Dësch, mee eng definitiv Léisung nach net.

Fokus: "Eise Walkampf gëtt vun de Membere finanzéiert"
De Generalsekretär vu Fokus weist sech optimistesch, datt seng Partei bei de Chamberwalen an all Bezierk mat enger voller Lëscht kann untrieden. Et wéisst ee schonn, wéi d'Lëscht kéint ausgesinn.

"Kommunal Äppel an national Bieren"
2023 ass ee Superwaljoer. Mee wat kënnen eis d'Gemengewalen iwwer den Ausgank vun de Chamberwale verroden? Wéi änlech ass d'Walverhale bei dësen zwou Walen - oder eben vläicht net.

D'Gemengesekretären: déi heemlech Buergermeeschteren?
Heiansdo gëtt gesot, d'Gemengesekretäre wieren déi heemlech Buergermeeschteren. Fir gewuer ze ginn, ob dat och esou ass, war de Maurice Molitor op Klierf bei d'Danielle Schroeder. Si ass zënter 32 Gemengesekretärin.

Déi Lénk hoffen zu Déifferdeng an d'Majoritéit ze kommen
De Gary Diderich, den an der Südgemeng fir déi Lénk untrëtt, sot, d'Walen zu Déifferdeng wieren "esou oppe wéi nach ni". Déi Lénk kéinte sech dowéinst duerchaus virstellen sech no de Walen un enger Koalitioun ze bedeelegen.

Nordstad: Dikrecher Oppositioun stellt Fusioun zu fënnef a Fro
De Projet Nordstad soll aus fënnef Gemengen eng maachen. Dat ass d'Iddi, déi um Dësch läit. Mee zwee Dikrecher Oppositiounsvertrieder bréngen elo eng méi kleng Fusioun an d'Spill.

LIVE vun Dikrech
De radio 100,7 ass de Moien zu Dikrech op der Place de la Libération fir e Liveoptrëtt am Kader vun de Gemengewalen. Kommt laanscht!

Péiteng: CSV a Piraten si fir méi Police-Presenz
D'CSV an och d'Pirate wënschen sech méi Police-Presenz zu Péiteng. De Jean-Marie Halsdorf an de Marc Goergen ware sech awer net eens, wéi een am Beschte fir déi zousätzlech Police-Presenz ka suergen.

Kritt Bettenduerf ee Buergermeeschter mat duebeler Nationalitéit?
An der klenger Gemeng Bettenduerf bei Dikrech wëllt deen éischte Schäffe José Vaz Do Rio d'Féierung vun der Gemeng iwwerhuelen. Mir hunn eis mam gebiertege Portugis getraff.

"D'Politik hëlt de Logementsprobleem net eescht"
"Alerte Rouge" - Urgence Logement": Ënnert deem Motto war de Samsdeg de Mëtteg um Knuedler an der Stad e Protestpiquet vun der Koalitioun Wunnrecht, an där eng 20 Organisatioune regroupéiert sinn.

Wéi de Chamberwalkampf an d'Gemengewalen afléisst
Nom Weekend fänkt offiziell d'Campagne fir d'Gemengewale vum 11. Juni un. Nëmme véier Méint drop si scho Chamberwalen, an och dee Walkampf ass eigentlech schonn amgaang.

"A Majorzgemenge soll all Kandidat:in kënnen 2 Stëmme kréien"
D'Buergermeeschtesch vu Buerschent plädéiert dofir, datt d'Wieler och a Majorzgemengen d'Recht kréien, eenzele Kandidaten zwou Stëmmen ze ginn. D'Méiglechkeet, esou eng Präferenz auszedrécken, gëtt et aktuell am Walsystem net.

Diddeleng: Kënnt der LSAP hir absolut Majoritéit an d'Wackelen?
"Sozialistesch Héichbuerg" - wann déi Beschreiwung op eng Gemeng am Land zoutrëfft, dann ass et Diddeleng: D'LSAP huet hei nämlech zënter 77 Joer eng absolutt Majoritéit. Déi kéint awer bei de Gemengewalen un d'Wackele kommen.

Diddeleng: Kënnt der LSAP hir absolut Majoritéit an d'Wackelen?
"Sozialistesch Héichbuerg" - wann déi Beschreiwung op eng Gemeng am Land zoutrëfft, dann ass et Diddeleng: D'LSAP huet hei nämlech zënter 77 Joer eng absolutt Majoritéit. Déi kéint awer bei de Gemengewalen un d'Wackele kommen.

Projet Duerfkär wäert erneiert a Verkéiers-berouegt ginn
Den Duerfkär vu Beetebuerg wäert an den nächsten 10 bis 15 Joer erneiert a Verkéiers-berouegt ginn. Et gëtt en deiere Projet fir eng Gemeng, déi elo schonn déi am véiert héchst verschëlt am Land ass.

D'Gemeng Bech an de Sträit ëm e puer abordabel Wunnengen
Bech ass eng kleng, diskret Gemeng, déi et nëmme seelen an déi national Schlagzeile packt. De Projet vun e puer abordabele Wunnengen um Site vun der aler Schoul huet dogéint ëmmer erëm fir Diskussioune gesuergt.

Elmen: Bezuelbar Wunnengen a (bal) keng Autoen
Bezuelbar Wunnenge fir iwwer 2.000 Leit entstinn am neien an innovative Quartier Elmen zu Ollem, an der Gemeng Kielen. Mir hunn eng vun den éischten Awunnerinne begéint.

Op der Schanz wäerten abordabel Wunnengen entstoen
Enn 2019 haten déi Responsabel vun der Gemeng Bech de Projet virgestallt. Ugangs war rieds vun zéng abordabele Wunnengen, déi um Site vun der aler Schoul op der Schanz sollten amenagéiert ginn. Elo sinn et der manner.

Siwe géint een oder ee géint siwen?
Zu Réiden op der Atert gëtt et en zolitte Clinch tëscht dem 2. Schäffen an dem Rescht vum Schäffen- a Gemengerot, deen d'Stëmmung am Virfeld vum 11. Juni nawell elle belaascht.

D'Gemengen an d'Klimapolitik
De Klima- an Energieplang nennt d'Hausaufgaben, déi an deenen eenzele Secteuren ze maache sinn, fir datt mir d'Klimakatastroph nach evitéiert kréien. Och op Gemengeniveau soll dat Konsequenzen hunn.

Miersch: Neie Quartier gëtt ëm ee Meter gehuewen
Eng 1.000 Wunnenge ginn um Site vum fréieren Agro-Zenter zu Miersch gebaut. No den Iwwerschwemmunge vun 2021 ginn do awer elo extra Héichwaasser-Schutz-Mesurë respektéiert. Mir duerften de Chantier besichen.

Hesper: DP an déi gréng oppe fir Koalitioun mat der CSV
Hesper huet vill negativ Schlagzeile mat enger Detournements-Affär gemaach. Wéi eng Roll spillt dat am Gemengewalkampf? Mir hu mat de Vertrieder vun CSV, DP an déi gréng diskutéiert.

D'Lydie Polfer schwätzt vun enger "besuergneserreegender Situatioun"
Déi privat Sécherheetsbeamte sollen an Zukunft vun dräi Auer mëttes un an der Haaptstad circuléieren, an net wéi aktuell vu fënnef Auer un. Dat huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer um Mëttwoch virun der Press annoncéiert.

Déifferdeng: Weider Diskussiounen iwwer d'Sécherheet am Park Gerlache
Hie wier der Meenung, datt Iwwerwaachungskameraen ee wichtegt Element wieren, fir de Sécherheetsproblem am a ronderëm den Déifferdenger Park Gerlache an de Grëff ze kréien, sou den LSAP-Conseiller Guy Altmeisch.

De Vincent Reding fuerdert Vollzäitbuergermeeschteren
Weiler-zu-Tuer ass eng Gemeng vun 2.500 Leit, de Buergermeeschter vun do huet 13 Stonne Congé politique fir senger Funktioun nozegoen. Dat géif bei wäitem net duergoen, sou de Vincent Reding.

An Zukunft méi douce Mobilitéit zu Esch
Iwwer de Mobilitéitsplang 2035 vun der Gemeng Esch scheeden sech d'Geeschter. Fir d'Majoritéit een Dokument, dat eng kloer Richtung virgëtt. Fir d'Oppositioun "komesch", datt dëse grad elo virgeluecht gëtt.

Oppositioun verléisst aus Protest de Sall
Eclat an der Gemeng Sandweiler, wou um Donneschde Moien eigentlech de PAG sollt gestëmmt ginn. Mee d'LSAP an DP-Oppositioun huet de Sall aus Protest verlooss.

Walfer: Diskussiounen ëm de Bäreldénger Bierg
An der Gemeng Walfer gëtt een dem Trafick net Meeschter. De grousse Problem dovun ass de Bäreldénger Bierg. Fir ee fléissenden Trafick ze kréien, ass et do sënnvoll eng Paralellstrooss ze bauen?

D'Gemenge Bartreng a Stroosse schaffe gutt zesummen
Do wou et sënnvoll an néideg wier, géif Bartreng a Stroossen zesumme schaffen. Déi zwou Gemenge géife gutt beienee passen, och vun der Mentalitéit hier, soen d'Buergermeeschter:inne Monique Smit-Thijs an Nico Pundel.

Jean Weiler: "D'Gemidder hu sech berouegt"
De fréieren LSAP Buergermeeschter, John Lorent, hat seng Majoritéit verluer. Déi rout-gréng Koalitioun ass domat geplatzt a gouf duerch eng CSV-DP Majoritéit ersat. De Jean Weiler verséchert, d'Situatioun hätt sech elo berouegt.

Geramouers tëschent Fusiounspartner
Et ramouert tëschent de Fusiounsgemenge Bous a Waldbriedemes. Ënner anerem wéinst dem gemeinsame Gemengenhaus, dat no der Fusioun soll entstoen.

Gemengewalen: D'DP huet déi meeschte Lëschten deposéiert
D'DP trëtt a 47 vun de am Ganze 56 Proporzgemenge mat eegene Lëschten un. Domat huet d'DP zwou Lëschte méi wéi d'CSV, déi a 45 Proporzgemengen untrëtt.

Sandweiler: LSAP wëll nei Buergermeeschtesch stellen
Zanter 30 Joer ass d'LSAP-Politikerin an der Sandweiler Lokalpolitik aktiv. Nom 11. Juni wëll si d'CSV-Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz ofléisen.

Déi Lénk: "De Serge Tonnar geet net fir eis mat an d'Gemengewalen"
Zu Miersch géifen déi Lénk net fir d'Gemengewalen untrieden, seet d'Carole Thoma. Hei war ënnert anerem de Serge Tonnar als Kandidat fir Déi Lénk am Gespréich. De bekannte Museker geet deemno net fir d'Partei an d'Gemengewalen.

Leideleng: Buergermeeschtesch a Schäffe kandidéieren net méi
Zu Leideleng gëtt et den 11. Juni manner Konkurrenz wéi erwaart: D'Diane Bisenius-Feipel a véier aner Membere vun hirer Lëscht vun 2017 hunn annoncéiert, net méi mat an d'Gemengewalen ze goen.

D'Héichten an Déifte vum Vëlo-Locatiounsservice
De vel'OH, gëtt haut 15 Joer al - déi turquoise-blo Vëloe fir auszeléinen, gehéiere fest zum Bild vun der Stat dobäi. Mir hunn ee Bilan iwwer dem Service seng Entwécklung gemaach.

Réckbléck op den nationalen Aschreiwungsdag
E Samschdeg war d'Journée nationale de l'inscription. D'Gemenge waren opgeruff den Auslänner um fräie Samschdeg d'Méiglechkeet ze ginn, sech op d'Wielerlëschten anzedroen. Mir waren dobäi.

"Courage fir Verännerung"
"Courage fir Verännerung"- mat dësem Slogan wëll d'Partei Fokus am Oktober an d'Chamberwalen zéien. Um Nationalkongress zu Schëtter gouf d'Campagne virgestallt.

"Den Opschwong a Stëmmen ëmwandelen"
Sondagë géifen Tendenzen erëmspigelen "déi et net ze ignoréiere gëllt", seet den Tommy Klein. Mee och wann d'Sonndesfro de Piraten e gewëssen Opschwong géif attestéieren, wier se trotzdeem nëmmen eng Momentopnam.

Fiktiv Adressen: Negativ Konsequenze fir vulnerabel Mënschen
An der Stad ginn et ëmmer méi Leit, déi net op där Plaz wunnen op där se ugemellt sinn. Anescht wéi vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer duergestallt, géifen déi Leit net vum System profitéieren, mee ëmgedréint, esou d'ASTI.

Vitesslimite: D'LSAP ass fir 30 km/h an all den Uertschaften
D'LSAP wëllt an all den Uertschaften am Land eng Vitess-Limitatioun vun 30 km/h aféieren. Dat steet an de Sozialisten hirem Walprogramm fir d'Gemengewalen.

Zwee nei Tracéeë fir den Tram
A gutt 5 Joer sollen déi zwou Extensioune vum Tram fäerdeg sinn: eng um Kierchbierg an eng Richtung Hollerech. D'Käschte gi vum Staat a vun der Stad Lëtzebuerg gedroen.

No déidlechem Accident: Goldschmidt plädéiert fir Radaren an Tempo 30
Nom Accident mat dräi Doudegen am Neiduerf plädéiert de Stater Verkéiersschäffe Patrick Goldschmidt dofir, fir op där an aneren Entréeën an d'Stad ee Radar opzestellen. Tempo 50 sollt och just nach d'Ausnam bannent der Stad sinn.

Conter: Buergermeeschtesch "erféiert" iwwer Ofbau bei DuPont
D'Buergermeeschtesch vu Conter seet si wier "erféiert", datt DuPont Teijin Films 160 Aarbechtsplazen an hirer Gemeng wëllt ofbauen. Si wier vun der Nouvelle "iwwerrascht" ginn, datt de Chemieproduzent zwou Produktiounslinne wéilt zoumaachen.

Dupont Teijin Films wëll 160 Plazen ofbauen
Bei Dupont Teijin Films zu Conter sollen 160 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn. Doriwwer huet d'Direktioun vun der Chimie-Entreprise d'Personaldelegatioun an d'Gewerkschaften LCGB an OGBL informéiert.

Gemengewalen: D'Piraten trieden op d'mannst an 12 Gemengen un
Piraten wëllen dës Kéier ëm déi 200 Kandidat:inne fir d'Gemengewale stellen, esou de Sven Clement. Dat wieren der bal dräi mol esou vill wéi bei de leschte Walen.

DP-Slogan fir d'Gemengewalen: "No bei dir"
Um Kongress de Samsdeg op Esch-Belval - 95 Deeg virum Wahlsonndeg - gouf d'DP-Campagne presentéiert. "Mir wäerten dëst Joer zu engem bloe Joer maachen", gouf ugekënnegt.

Gemëschte Reaktiounen op Tunnel-Variant fir de Käerjenger Contournement
Op Suessemer Säit gesäit een de rezente Virstouss vun de grénge Ministere Bausch a Welfring éischter positiv. Grouss ass awer d'Iwwerraschung op Käerjenger Säit.

Colmer-Bierg: Buergermeeschter Christian Miny trëtt net méi un
De Buergermeeschter vu Colmer-Bierg kandidéiert bei de Gemengewalen den 11. Juni net méi. Dat huet de Christian Miny dem radio 100,7 op Nofro hi gesot. Hie wëllt sech komplett aus der Gemengepolitik zeréck zéien.

Hamilius: Privat oder Public?
Ass d'Hamiliusplaz an der Stad privat oder public? Dat froen Déi Lénk an enger Question urgente un de Stater Schäfferot. D'Proprietäre vun der Plaz wéilten nämlech keng Manifestatioun op hirer Plaz.

Déi gréng: National Spëtzekandidatur fir d'Chamberwalen
Déi gréng hunn decidéiert mat enger nationaler Spëtzekandidatin oder engem Spëtzekandidat an d'Chamberwale vum 8. Oktober ze goen. Déi deementspriechend Resolutioun ass um Samschdeg mat grousser Majoritéit um grénge Parteikongress zu Zolwer ugeholl ginn.

Ukrainesch Flüchtlingen zu Hesper
Flüchtlinge komme wéinst dem Krich an der Ukraine op Lëtzebuerg. D'Gemeng Hesper huet séier reagéiert. Een Haus wat eigentlech hätt sollen ofgerappt ginn, gouf sou amenagéiert, fir dass Leit eraplënnere kennen.

Gemengewalen a Wuesstumspolitik
100 Gemengen ziele mir deemnächst zu Lëtzebuerg, mee d'Gemenge ginn ëmmer méi grouss. D'Wuesstumspolitik stellt nei Erausfuerderungen um lokale Niveau, stellt de Laurent Moyse am Fräie Mikro fest.

Ronn 200 Sans-abrien an der Stad
D'EU huet sech d'Zil gesat, datt bis 2030 keng Leit méi sollen op der Strooss liewen. Eleng an der Stad Lëtzebuerg goufen awer am Oktober eng 200 Leit gezielt, déi kee festen Dag iwwer dem Kapp hunn.

Biergerinitiativ Amber 380 KV wiert sech géint aktuellen Tracé
D'Biergerinitiativ Amber 380 KV wiert sech géint d'Installatioun vun enger Héichspannungsleitung vun 380kV - also 380.000 Volt - vun der Creos. Deen aktuell geplangten Tracé wier ze no un den Haiser drun.

Gemeng Dikrech kritt Onrecht virum Verwaltungsgeriicht
D'Gemeng Dikrech krut Onrecht um Verwaltungsgeriicht am Fall vun der Hausse vun der Grondsteier op eidelstoend Terrainen. Dat sot eis den Affekot vun de Kläger, de Jean-Marie Bauler.

D'ULC fuerdert Mesurë géint d'Fermeture vu Bankfilialen
De Konsumenteschutz fuerdert contraignant Mesuren, déi d'Banken drun hënnere solle systematesch Agencen zouzemaachen a Bankomaten ofzebauen. Dat wier e richtege Gesellschafts-Probleem, seet déi nei Directrice vun der ULC, Aline Rosenbaum.

Reglementer fir Tiny Haiser Dierfer gewënscht
D'Lëtzebuerger Tiny Houses Community ass frou iwwert d'Annonce datt den Inneministère am gaange wier nei Typpe vu Reglementer auszeschaffen, fir de Gemengen d'Méiglechkeet ze ginn Tiny Haiser am Gemengereglement virzegesinn.

Wéineg auslännesch Wieler: D'ASTI gesäit "Kee Grond zur Panik"
Bei de Gemengewale kann dës Kéier jidderee matmaachen - egal wéi laang ee schonn am Land ass. Mee firwat hält den Undrang sech bis elo a Grenzen? De Rick Mertens huet Sergio Ferreira vun der ASTI gefrot.

Demissioun an der Gemeng Weiler zum Tuerm
An der Gemeng Weiler zum Tuerm huet op en neits e Member vum Gemengerot demissionéiert. Trotz villen turbulenzen am Gemengerot ass dës Demissioun awer net op Konflikter zeréckzeféieren.

Vun der DP bei Déi Gréng: De Charles Muller erkläert säi Wiessel
De Wirtschaftsberoder war laang bei der DP engagéiert - elo geet hien awer fir déi gréng an d'Gemengewalen. Wouhier kënnt dee Sënneswandel? De Rick Mertens huet nogefrot.

Gemengegesetz: Eischt Etapp vun der Reform ab muer a Kraaft
Mat dëser éischter Etapp vun der Reform vum Gemengegesetz sollen déi 102 Gemenge méi autonom funktionéieren an d'Prozedure vereinfacht ginn. D'Gemenge sollen net just kontrolléiert, mee och begleet ginn.

Wolz kritt eng nei Klinik
Den deementspriechende Projet "Schlasskéier" ass virgestallt ginn. Et gëtt eng Klinik ouni Better, just fir ambulant Behandlungen an der Poliklinik, a fir kleng Operatiounen ouni stationären Openthalt.

Taina Bofferding kritiséiert Schëfflenger Bautereglement
Den Inneministère an d'Gemeng Schëffleng hu verschidden Interpretatioune wat de neie Bautereglement vun der Südgemeng ugeet. Eng Rei Dispositioune géifen an de PAG respektiv an e PAP gehéieren.

Et wäert kee langweilege Walkampf ginn
Fir d'Chamberwale si bei de grousse Parteien esou lues d'Spëtzekandidat:inne bekannt. D'Pläng vun der LSAP a vun der CSV sinn net ouni Risiko, mengt de Jean-Claude Franck.

Nordstad: "De Referendum däerf keng Virwëtztut sinn"
Den Dikrecher Buergermeeschter ass weider optimistesch, datt seng Gemeng an de nächste Jore mat de Nopeschgemenge Bettenduerf, Ierpeldeng, Ettelbréck a Schieren wäert fusionéieren.

Awunner wiere sech géingt geplangten Hotel zu Rodange
De geplangte Bau vun engem Hotel zu Rodange stéisst bei den Awunner op Widderstand. Zwou Biergerinitiativen hu sech dofir gëschter Owend zu Rodange am Doihl versammelt, wou den Hotel gebaut soll ginn.

Wie gi mir wielen?
Et alles alles anescht wéi kloer, ob déi Kandidat:innen, déi fir d'Gemengewalen optrieden, och fir d'Chamberwalen a Fro kommen oder ëmgedréint. Där Meenung ass de Michel Pauly am Fräie Mikro.

D'Stad Lëtzebuerg huet e Problem mat fiktiven Adressen
Aleng d'lescht Joer hätten iwwer 2.400 Leit aus dem Populatiounsregëster misste gestrach ginn, well si guer net op där Plaz wunnen, op där se eigentlech ugemellt sinn. Eng grouss Partie dovunner wieren Abuse gewiescht.

Déi gréng wëllen Transitioune weider féieren
Onpoleemesch, sachlech a Fakten-orientéiert - esou gesinn déi gréng sech selwer an hirer politescher Aarbecht. Op hirem Neijooschpatt e Méindeg gouf et och vill Luef fir déi eege Regierungsmemberen.

Politesch Mandater op Gemengenniveau solle méi attraktiv ginn
D'Inneministesch hofft bei de Gemengewalen op méi Jonker a méi Fraen op de Lëschten. Aktuell wiere vun de politesche Mandater an de Gemenge knapp ee Véierel vu Frae besat.

Logementspräisser: Gemenge wäerten an Zukunft beim Baue méi virsiichteg sinn
Och d'Gemenge kréien déi aktuell Situatioun um Logementsmarché ze spieren: an eng Partie vun hinne wäerten an den nächste Jore méi virsiichteg musse sinn, wann et drëm geet ze bauen, seet den Emile Eicher.

Gemengewalen: 11 Prozent Net-Lëtzebuerger bis elo ageschriwwen
Fir d'Gemengewalen hate sech Stand Enn leschter Woch 28.657 Net-Lëtzebuerger:innen op d'Wielerlëscht agedroen. Dat si ronn 11 Prozent vun deene Leit, déi sech androe kënnen. D'Delaie kommen awer ëmmer méi no.

D'Inflatioun spiert een och an den Epicerie-socialen
Déi lescht Méint kréich een d'Präisdeierecht och zu Lëtzebuerg ze spieren, seet d'Gerante vun der Epicerie sociale zu Stengefort. Wéi erliewen d'Clienten an den Epicerien dës Situatioun?

IRM um Potaschbierg krut seng offiziell Zouloossung
Den IRM Potaschbierg begréisst, datt hiren Zenter elo offiziell eng Zouloossung vun der Santé krut. De Moien hunn d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Center Hospitalier CHL déi néideg Konventioun ënnerschriwwen.

Lydie Polfer: "Ech wëll fir sechs Joer Verantwortung iwwerhuelen"
D'Lydie Polfer wëllt weider sechs Joer Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg bleiwen, sollt si erëmgewielt ginn. Falls een aneren op der DP-Lëscht méi Stëmme kritt, géif si de Wielerwëlle respektéieren.

Lydie Polfer confirméiert Spëtzekandidatur an der Stad
D'Lydie Polfer huet de Moien op RTL confirméiert, datt si bei de Gemengewalen nach eng Kéier DP-Spëtzekandidatin an der Stad gëtt. Co-Spëtzekandidat gëtt den DP-Schäffe Patrick Goldschmidt.

Virwërf vu Fake News: Verdeedegungslinn vu Lydie Polfer ass net an der Rei
D'Lydie Polfer seet, si wier "e bësse schockéiert, datt en ëffentlech-rechtleche Sender Onwourechten an d'Welt setzt". Dat ass net an der Rei, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

Lydie Polfer gëtt nach eng Kéier DP-Spëtzekandidatin an der Stad
Bei den nächste Gemengewalen gëtt d'Stater DP-Lëscht vun der aktueller Buergermeeschtesch Lydie Polfer ugefouert. Déi Decisioun ass 100,7-Informatiounen no viru Kuerzem gefall, no engem méintelaangen internen Hin an Hier.

Privat Sécherheetsfirme sollen och erëm am Garer Quartier an den Asaz
2023 solle privat Sécherheetsagenten nieft der Uewerstad och nees am Garer Quartier an zu Bouneweg patrulléieren. Am Budgetsprojet 2023 vun der Haaptstad si 600.000 Euro fir privat Sécherheetsfirme virgesinn.

Buvette um Wämper Séi kéint als Monument klasséiert ginn
Zu Wäiswampech kéint eng al Buvette als monument national klasséiert ginn. Den Hoke bei der Saach: d'Buvette läit genee do, wou e Promoteur säin Appartementsprojet beim Wämper Séi wëllt realiséieren.

Stad Lëtzebuerg: Budgetsdefizit manner grouss wéi virgesinn
D'Stad Lëtzebuerg schléisst dëst Joer mat engem Budgetsdefizit vu 40 Milliounen Euro of - virgesi war méi, nämlech 130 Milliounen Euro. Fir d'nächst Joer ass een Defizit vun 20 Milliounen Euro virgesinn.

"Soss verléiert dat Ganzt awer iergendwou u Glafwierdegkeet"
Spéitstens an der Hallschent vun der nächster Legislaturperiod misst de Referendum iwwer d'Nordstadfusioun organiséiert ginn, seet de Claude Thill. D'Gemengeréit vun de fënnef betraffene Gemenge wiere sech eens.

Marceline Georgen: "Dräi Parteie sinn u mir interesséiert"
Déi fréier ADR-Vertriederin ass nees zeréck am Stater Gemengerot, dat als onofhängeg Kandidatin. D'Marceline Georgen huet awer nach net decidéiert, ob si nach eng Kéier mat an d'Gemengewale geet.

Waasserpräisser klammen och bei DEA, SEC a SIDERE
Net nëmmen an de Südgemengen wäert de Waasserpräis klammen. Op Nofro hi bestätegen déi dräi aner grouss Waassersyndikater, datt och si de Präis vum Waasser eropsetze wéinst den héijen Energiepräisser.

Frank Engel: "D'Vollek ass Geisel vun der Parteipolitik"
De Spriecher vu Fokus seet, datt d'Trennung vun de Chamber- a Gemengewalen "widdersënneg" wier. Seng Partei fuerdert, fir d'Walen d'nächst Joer op deem selwechten Dag ze halen.

Südgemengen: de Präis vum Waasser geet erop
De Waasserpräis wäert an 22 Südgemengen ëm 40 Cent de Meterkibb klammen. Keen hätt déi Decisioun mat Begeeschterung geholl, mee si wier awer néideg gewiescht, seet den Tom Jungen, President vum Waassersyndikat SES.

Plan directeur: Grouss Linne fir d'Landesplanung
Viru kuerzem gouf de Plan directeur fäerdeg, ee vun de wichtegsten Instrumenter vun der Landesplanung. D'Gemenge misste bei den Diskussioune méi agebonne ginn, fuerdert de Syvicol.

LISER-Rapport iwwer d'Haaptstad: Deelweis grouss Ongläichheeten
Wéi gutt schneit d'Stad Lëtzebuerg a Saachen Akommes, Logement a Bildung of? Wou ginn et Inegalitéiten? Mat dëse Froe beschäftegt sech den éischte LISER-Rapport iwwer déi sozial Lag an der Haaptstad.

Iechternacher Gemengerot: CSV-Conseiller Christophe Origer wiesselt bei déi gréng
Am Iechternacher Gemengerot huet d'CSV-LSAP Koalitioun hier Majoritéit verluer. Dat, well den CSV-Conseiller Christophe Origer bei déi gréng wiesselt, dës wier elo déi stäerkste Partei am Gemengerot.

"Esch brauch och Jobs, wou ee mat den Hänn schafft"
Den Escher Sozialschäffe ass zefridde mat der Entwécklung vum Site Esch-Belval als Géigepol zur Stad mat neien Aarbechtsplazen. Et bräicht een awer och Aarbechtsplazen, fir déi ee keen Uni-Diplom brauch.

Syvicol: Gemenge solle bis 6.000 Awunner am Majorzsystem bleiwen
De Syvicol proposéiert, fir de Seuil eropzesetzen, fir vum Majorz- an de Proporzsystem ze wiesselen. Déi gréisste politesch Parteien am Land hunn ënnerschiddlech Meenungen zu dëser Propos.

Mobiliséierungssteier: Déi jonk gréng wëlle manner Ausnamen
Déi jonk gréng fuerderen, datt d'Regierung hir Steierproposen am Logementsberäich nach eng Kéier iwwerdenkt. D'Mesuren, déi aktuell um Dësch leien, géifen net wäit genuch goen, esou de Fabricio Costa.

Syvicol: 36 Propose fir déi nächst Legislaturperiod
De Syvicol fuerdert, datt d'Regierung d'Gemengen als Partner soll ugesinn. De Gemengesyndikat huet en vue vun de Chamberwale 36 Propose fir déi nächst Legislaturperiod op den Dësch geluecht.

CNFL: "D'Frae ginn an der Politik gebraucht"
Wéi kritt ee Fraen iwwerzeegt an d'Politik ze goen? De CNFL wëllt virun de Gemengewale sensibiliséieren. De Changement an de Mentalitéite bräicht awer Zäit, seet d'Claudine Speltz vum CNFL.

Nei Publikatioun vum Ministère fir Landesplanung
A senger neier Serie "Karten an Zuelen" verëffentlech de Ministère fir Landesplanung eng Rei Fakten iwwer Landesplanung a Landesverbauch zu Lëtzebuerg. Dëst ass e wichtegt Instrument fir Landesplanung.

Flüchtlingsstruktur Weilerbaach: no iwwer dräi Joer nees op
D'nächst Woch sollen déi éischt Asyldemandeuren an déi frësch renovéiert Flüchtlingsstruktur an der Weilerbaach kommen. Hei ass Plaz fir maximal 190 Persounen. Den Ëmbau huet ronn 26 Milliounen Euro kascht.

Ginette Jones: "Aarmut mécht midd"
Sozial Hëllefen ënnerstëtzen d'Leit beim Iwwerliewen, mee déi laangfristeg Prekaritéit huet een Impakt op d'Gesondheet vun de Leit, seet d'Presidentin vun der Entente des offices sociaux.

Tiny House: Gemeng Stroosse wëllt Pionéier sinn
D'Liewen an engem "Tiny House" ass abordabel a minimalistesch, se passe bei d'Besoine vun der Zäit. D'Gemeng Stroosse wëllt eng Rëtsch där klenger Haisercher op hirem Territoire installéieren a verlounen.

Bürokratie bei Sozialhëllefen ass "e Riseproblem"
No der Ried zur Lag vun der Natioun fënnt d'Carole Reckinger vun der Caritas, datt d'Regierung net wäit genuch geet, fir d'Aarmut ze bekämpfen, an datt just wéineg konkret Mesurë genannt goufen.

Héichspannungsleitung duerch den Uelzechtdall: Nach kee geneeën Tracé
Et gëtt nach keng Decisioun iwwer de geneeë Verlaf vum Tracé vun der ëmstriddener Héichspannungsleitung duerch den Uelzechtdall vum nationale Netzbedreiwer Creos. Dës Leitung soll déi national Stroumversuergung laangfristeg garantéieren.

Esch installéiert Iwwerwaachungskameraen
D'Stad Esch kritt ee neie lokale Sécherheetsplang. Nieft preventive Moossnamen ewéi d'Beliichtung oder Streetworker, sollen Iwwerwaachungskameraen agesat ginn, seet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo.

Gemengepolitik: Méi "Congé", manner deier Kaddoen
D'Gemengepolitik soll méi attraktiv gemaach ginn - dat iwwer de Wee vun enger weiderer Deel-Reform vum Gemengegesetz. D'Inneministesch Taina Bofferding huet de Moien den Text dofir presentéiert.

Housing-First Projet vu Caritas scheitert um Wunnengsmarché
De Projet Housing-First fir Fraen, déi op der Strooss liewen, scheitert bis elo un der Wunnengssich. D'Caritas, déi de Projet geréiere soll, fënnt keng passend Wunnengen.

Syvicol fuerdert staatlech Berodung fir Energieverbauch bei de Gemengen ze reduzéieren
D'Präisdeierecht am Beräich vun der Energie trëfft och ëffentlech Träger wéi Gemengen. De Syvicol fuerdert dofir, datt den Energieministère Beroder bei d'Gemenge schéckt fir si beim Energie spueren ze ënnerstëtzen.

Wéinst net-konformen Zebrasträifen: ASBL "ZUG" wëllt géint VDL op d'Geriicht
Wéinst presuméiert net-konform Zebrasträife wëllt d'ASBL "ZUG" d'Stad Lëtzebuerg op d'Geriicht huelen. 475 Foussgängersträife wieren der ASBL no net konform, d'Stad Lëtzebuerg schwätzt vu 37 Fäll.

Serge Wilmes: "Méi Beem um Knuedler, waren net méi méiglech"
De Serge Wilmes gëtt virëschte Schäfferéit d'Responsabilitéit dofir, datt um Knuedler net méi Beem geplanzt ginn. Déi Decisioun wier scho gefall, éier hien d'Responsabilitéit fir ëffentlech Plazen iwwerholl huet.

Kierchbierg: D'Zuel vun den Awunner soll sech versiwefachen
Um Kierchbierg gëtt an de nächste Joren e neie Wunnquartier fir eng 7.000 Leit gebaut. Deeler déi scho bebaut si wäerten och verännert ginn. D'Zil ass et, de Kierchbierg méi zu engem Wunngebitt ze veränneren.

Wirtschaftsministère entwéckelt Zukunftszenarien
Wéi wäert sech Lëtzebuerg bis 2050 entwéckelen? Am Wirtschaftsministère solle bis Mäerz d'nächst Joer véier bis fënnef Zukunftszenarien ausgeschafft ginn, déi dëst virzeechnen.

Feelend Dokumenter fir de Bau vun der Energiezentral agereecht
Et hätt een an der Tëschenzäit all feelend Dokumenter fir de Bau vun der neier Energiezentral zu Iechternach bei de betraffene Verwaltungen agereecht. Dat schreift den Iechternacher Schäfferot an engem Communiqué den Dënschdeg.

Emile Eicher: "Spuermoossnamen net just fir de Wanter mee fir d'Zukunft"
D'EU-Energieministeren hunn e Plang decidéiert, mat deem an der EU 15 Prozent am Gas-Verbrauch soll gespuert ginn. De President vum Syvicol seet, datt d'Gemengen och matschaffe mussen, fir dat Zil ze erreechen.

Bëschbesetzung géint de Käerjenger Contournement
Jonk Aktivist:inne besetzen zanter enger Woch e Stéck Bësch tëscht Käerjeng a Suessem. Si wëlle verhënneren, datt de sougenannte "Bobësch" fir de Käerjenger Contournement Plaz muss maachen.

Georges Mischo: "Duebelmandat huet just Virdeeler"
Huet een als Buergermeeschter genuch Zäit fir och an der Chamber ze sëtzen, oder wier et besser d'Mandater ze trennen? Den Escher Député-maire gesäit just Virdeeler a sengem Duebelmandat.

Rouspert zitt Bilan um Joresdag vum Héichwaasser
D'Héichwaasser vum leschte Joer huet d'Gemeng Rouspert-Mompech verännert. Fir de Buergermeeschter ass eppes kloer: Fir d'Gemeng gëtt et eng Zäit virum 14. a 15. Juli 2021, an eng dono.

DP: "Kënnen eis keng ëmfaassend Steierreform leeschten"
No Meenung vun der DP-Fraktioun wier et an dësen Zäiten "absolut onverantwortlech" esou eng ëmfaassend Steierreform ëmzesetzen. Ouni Pandemie an Ukrain-Krich hätt ee sech eng Steierreform kënne leeschten.

Vel'OH-System "funktionéiert net méi"
Vill vun de Vel'OH-Maschinnen an der Stad si futti, den Exploitant JC Decaux kritt se net séier genuch gefléckt - eng Erausfuerderung fir d'Stad Lëtzebuerg, seet den zoustännege Schäffen Patrick Goldschmit.

Stauséi: Preparatioune fir de Weekend
Manner Autoen a méi Barrièren: esou preparéiert ee sech op de Weekend um Stauséi. Hallef sou vill Autoe solle kënne bis bei d'Plage, ee Reservatiounssystem wier awer keng Optioun.

Police oder Agent-municipallen: Wéi soll een d'Sécherheet garantéieren?
Nom groussen Undrang um Stauséi fuerdert d'Gemeng Esch-Sauer méi Police Patrulle fir d'Sécherheet ze garantéieren. Den zoustännege Ministère well an eng aner Richtung goen an d'Police entlaaschten.

Lex Delles: Mir wëlle bei Gemengewalen "dat beschtméiglecht Resultat"
Den neien DP-Parteipresident Lex Delles wëllt och no de Chamberwalen 2023 an der Regierung bleiwen. Eng vun de groussen Aufgabe vun der neier DP-Spëtzt ass et, d'Partei op d'Superwaljoer 2023 ze preparéieren.

Iechternacher Séi krut europäesche Badegewässerlabel
D'Preparative fir den Iechternacher Séi als Badegewässer unzebidden, lafen op Héichtouren. Dës Saison nach wëllt d'Gemeng zwee Pontonen installéiere fir den Touristen ee Sprong an d'Waasser ze erméiglechen.

Mandat am Gemengerot: Wunnsëtz an der Gemeng ass Konditioun
Wien ee Mandat am Gemengerot huet, muss och där Gemeng wunnen, ënnersträicht d'Taina Bofferding. Wien dës Konditioun net méi erfëllt, misst dat matdeelen a säi Mandat néierleeën, preziséiert d'Inneministesch.

Opfaart A13 no 19 Joer endlech op
19 Joer laang huet et gedauert éier zu Fréiseng d'Opfaart fir op d'Autobunn A13 a Richtung Schengen konnt genotzt ginn. Dëse Méindeg um 6 Auer Mueres ass et esouwäit.

1.000 Vëlosfuerer manifestéiere fir Sécherheet a besser Vernetzung
800 bis 1.000 Vëlosfuerer hunn an der Stad fir méi Sécherheet a besser Vëlosweeër manifestéiert. D'Associatioun Provelo hat zu där Manifestatioun opgeruff.

D'Mënscherechtskommissioun kritiséiert de geplangte Platzverweis
Et kéint ee verstoen, datt Sécherheet ronderëm dat eegent Haus fir d'Leit e wichtegt Theema wier, mee et misst een och ëmmer kucken, ob d'Moyenen déi agesat gi proportionell wieren, sou de President vun der Mënscherechtskommissioun.

Epicerie Socialen: 30 Prozent méi Undrang bannent de leschte 5 Joer
D'Zuel u Stéit, déi sech an den Epicerie Socialë vun der Cartias versuergen, ass bannent de leschte 5 Joer em méi wéi 30 Prozent geklommen, sou déi politesch Porte-Parole vun der kathoulescher ONG.

An der Epicerie Sociale zu Esch gi verschidde Produite rationnéiert
De Krich an der Ukrain mécht sech am Moment och an de Regaler vun de Supermarchée bemierkbar. Mir waren dofir an d'Epicerie Sociale op Esch ukucken, wéi een Impakt d'Präishaussë bei de Liewensmëttel do am Moment hunn.

Buergermeeschter vun Esch an Diddeleng weise Kriticke vu sech
D'Député-Mairë Georges Mischo an Dan Biancalana weisen d'Kriticke vun der fréierer Pro-Sud-Presidentin zréck: no hirer Demissioun d'lescht Woch hat d'Anouk Boever-Thill e "gewëssen Dysfonctionnement" an der Exekutiv vum Gemenge-Syndikat Pro-Sud kritiséiert.

Iechternach a seng Vergaangenheet
Zu Iechternach di se sech schwéier mat hiren historesche Monumenter. De Michel Pauly Member vun der neier Commission pour le Patrimoine culturel, ënnersträicht am Fräie Mikro d'Bedeitung vun den archeologeschen Entdeckungen aus dem leschte Joren.

Paulette Lenert: Eng Léisung am Gudde fir den IRM um Potaschbierg
Den IRM um Potaschbierg géif ouni legal Basis agesat ginn, seet d'Paulette Lenert. En IRM dierft just an Zesummenaarbecht mat engem Spidol exploitéiert ginn - op déi Pist wéilt een zesumme mam radiologeschen Zenter goen.

IRM um Potaschbierg: D'DP plädéiert fir eng pragmatesch Léisung
D'CNS kéint Patienten, déi sech zu Gréiwemaacher scanne loossen, zum Beispill dee selwechten Tarif zréckbezuelen, wéi Leit déi en IRM-Scan am Ausland maachen, esou d'DP-Deputéiert Carole Hartmann.

IRM um Potaschbierg: D'Gesondheetsministerin huet nach keng Decisioun geholl
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet nach net decidéiert wéi et mam Asetze vun IRMen am Centre médical um Potaschbierg zu Gréiwemaacher weider geet. Am Raum steet eng mise en demeure oder eng aner Optioun.

Den IRM um Potaschbierg huet haut seng Aarbecht opgeholl
Wéi ugekënnegt sinn de Mëttwoch de Moien déi éischt Patienten am Centre d'imagerie médicale um Potaschbierg bei Gréiwemaacher en charge geholl ginn. D'Santé huet bis zur Stonn och keng Interventioun gemaach fir dat ze verhënneren.

Gemeng Klierf: D'CSV sicht Koalitiounspartner
An der Gemeng Klierf sicht d'CSV-Majoritéitsfraktioun no engem Koalitiounspartner, nodeems den CSV-Conseiller Theo Blasen ugangs der Woch aus der Fraktioun ausgetrueden ass.

Carlo Kütten: "Et kënnt ëmmer méi op d'Gemengen zou"
Zu Bous a Waldbriedemes kënnt et haut zu engem Referendum iwwer eng méiglech Fusioun. D'Oploen, déi d'Gemengen erfëlle mussen, wieren ëmmer méi komplex, betount de Carlo Kütten, Buergermeeschter vu Bous.

Site bei der Petite Marquise soll erhale bleiwen
Bei den Ofrappaarbechte vum Gebai vun der "Petite Marquise" sinn archeologesch Iwwerreschter fonnt ginn. D'Ausgruewunge wiere vun excellenter Qualitéit a missten onbedéngt erhale ginn.

Kee Referendum méi virun de Walen
De Projet Nordstad bleift eng schwéier Gebuert. Déi geplangte Fusioun vun de fënnef Nordgemengen waart zënter Joren op hir Ëmsetzung. Elo kéint et weidere Retard ginn.

D'Grondwaasser ass an engem schlechten Zoustand
Een Drëttel vum Grondwaasser kann net als Drénkwaasser benotzt ginn, well et ze knaschteg ass. 13.000 Kubikmeter kéinte pro Dag net méi geliwwert ginn, seet d'Magali Bernard vun der Waasserverwaltung.