De Joseph Haydn huet gären experimentéiert, musikalesch nei Saache getest. D'Iddi, den Dagesoflaf a Form vu Symphonien ze illustréieren, koum dës Kéier net vun him, mee vu sengem neie Patron, dem Fürst Paul Anton Esterhazy.
Mat der Symphonie Nr. 6 - Le matin - huet den Haydn mat 29 Joer säin Déngscht als zweete Kapellmeeschter ugefaangen. Mat der Nummer 7 - Le midi - an der 8. Symphonie - Le soir - war den Zyklus komplett. Et ass iwwregens deen eenzege symphoneschen Zyklus, deen de Joseph Haydn geschriwwen huet.
Joseph Haydn: Symphonie Nr. 6 00:00:00 / -01:19:23
Laszlo Dubrovay: Concerto fir Trompett 00:17:46 / -01:01:36
Joseph Haydn: Symphonie Nr. 7 00:29:00 / -00:50:22
Gaetano Donizetti: Concertino 00:49:36 / -00:29:44
Joseph Haydn: Symphonie Nr. 88 00:59:16 / -00:20:07
Interpreten:
Solistes Européens, Luxembourg
Christoph König, Direktioun
Gabor Boldoczki, Trompett
De radio 100,7 huet dëse Concert den 21. Juni 2014 an der Philharmonie opgeholl.
Dir kënnt dëse Concert nach bis de 15. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.