De virtuelle Concertssall Strauß-Walzer mam OCL

Fledermaus, Pizzicato-Polka oder de Kaiserwalzer: Den Orchestre de Chambre du Luxembourg interpretéiert ënner der Direktioun vum David Reiland e komplette Strauß-Programm am Cercle Cité zu Metz.

Orchestre de chambre du Luxembourg.jpg
Orchestre de Chambre du Luxembourg (©Kaupo Kikkas)

Anescht ewéi ee kéint mengen, war d'Relatioun tëscht de Wiener Philharmoniker an dem Walzerkinnek Johann Strauẞ net ëmmer eng ganz enk a frëndschaftlech. Et huet bis an d'20er Jore gedauert, éier den Orchester sech lues a lues als den Interpret vun der Strauẞ-Musek profiléiert huet. Zu Liefzäite vum Komponist gouf et nëmme sporadesch Kollaboratiounen: déi éischt war den Operebal am Joer 1873, fir deen de Johann Strauẞ de Walzer "Wiener Blut" komponéiert an och selwer dirigéiert huet.

Tragesch war dee leschte Rendezvous-vous am Mee 1899. De Komponist huet an der Hofoper d'Ouverture vun der "Fledermaus" dirigéiert a sech derbäi därmoossen erkaalt, datt en eng Longenentzündung krut, un där en den 3. Juni 1899 gestuerwen ass. D'Traditioun vun den Neijoerschconcerten ass eng Initiative vum Clemens Krauss, deen domadder ugefaangen huet, eemol an der Saison ee komplette Strauẞ-Programm ze spillen.

Johann Strauẞ: Die Fledermaus, Ouverture 0'00 / -01:15:27
Johann Strauẞ: Kaiserwalzer 9'15 / -01:06:11
Johann Strauẞ: Künstlerleben 22'44 / -00:52:41
Johann Strauẞ: Unter Donner und Blitz 32'54 / -00:42:33
Johann Strauẞ: Rosen aus dem Süden 37'19 / -00:38:06
Johann Strauẞ: Persischer Marsch 47'39 / -00:27:45
Johann Strauẞ: Pizzicato-Polka 50'27 / -00:24:57
Johann Strauẞ: An der schönen blauen Donau 53'42 / -00:21:42
Johann Strauẞ (Papp): Radetzky-Marsch 1'06'24 / -00:08:59
Johann Strauẞ: Unter Donner und Blitz 1'11'29 / -00:03:57

Interpreten:

Orchestre de Chambre du Luxembourg
David Reiland, Direktioun


De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt den 3. Januar 2015 am Cercle Cité zu Metz opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis den 30. Abrëll 2020 am vrituelle Concertssall lauschteren.

Méi zum Thema

Andris Nelson
De virtuelle Concertssall

"Er weiß nicht, welchen Weg er schreitet, aber er geht dem fernen Lichte zu - ob dies das ewig strahlende Gestirn oder ein lockendes Irrlicht ist!". Lauschtert dem Mahler seng 7. Sinfonie mam OPL.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen