Radioen

On air

Notturno  |  The Velvet Underground & Nico - Sunday Morning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Quatuor Voce

De virtuelle Concertssall

Quatuor Voce

Lauschtert den Optrëtt vum präisgekréinte Quatur Voce vum 19. Mee 2014 am Kammermusekssall vun der Philharmonie. Um Programm sti Wierker vun de Komponiste Mozart, Beethoven a Ravel.

auto_stories

1 min

Zënter der Grënnung 2004, huet de franséische Sträichquartett "Quatur Voce" ënner der "Tutelle" vum Quatuor Ysaÿe, vill Präisser gewonnen: Geng, Cremona, Boerdeaux, Graz oder nach London. Nieft hire Kammermuseksconcerten, scheit sech den Ensembel net mat aner Artisten ze schaffen: Shani Diluka, Michel Portal, Betrand Chamayou, Yuri Bashmet oder Shani Diluka.

Op Disqueproduktioune vum Quatuor Voce fënnt een och méi onerwaarten Zesummenaarbechten, wéi "Modern Ruins" mat der Country- an Jazz-Sängerin Kyrie Kristmanson (Liebelsieder aus dem Héichmëttelalter).

Wolfgang Amadeus Mozart: Sträichquartett Nr.14, KV 387 "Fréijoer": 00:00
Bruno Mantovani: Sträichquartett Nr. 2: 26:30
Ludwig van Beethoven: Sträichquartett Nr. 8 (aus de Rasumovsky Quartetter): 43:47
Maurice Ravel: Extrait aus dem Sträichquartett, BIS: 78:01

Interpreten:

Sarah Dayan, Cécile Roubin, Gei
Guillaume Becker, Braatsch
Lydia Shelley, Cello


De radio 100,7 huet dëse Concert den 19. Mee 2014 an der Philharmonie opgeholl.

Dir kënnt dëse Concert nach bis den 8. Abrëll 2020 am Virtuelle Concertssall lauschteren.