#beethoven20 Quasi una fantasia

An der Sonat op.27 Nr. 1 probéiert de Beethoven eng ganz nei Approche vun der Sonat. "Sonata quasi una fantasia", also quasi wéi eng Improvisatioun, titelt de Beethoven selwer. Eng ganz originell Sonat, déi et verdéngt méi gelauschtert ze ginn.

Beethoven-Mask.jpg

Dem Beethoven seng Sonaten aus opus 27 hunn zwou Dedicatricen. Fir d'Sonat opus 27/1 ass et d'Josephine Fürstin von Liechenstein. Dat Ongewéinlecht un dëser Sonat ass net just, datt se an engem éischte improvisatoresche Stil geschriwwen ass, mee och ouni Paus riichtduerch gespillt gëtt. De Beethoven ënnersträicht domadder déi quasi fräi Form, déi net wëllt ënnerbrach ginn.

Introduktioun an d'Sonat opus 27/1

Sonat opus 27/1

Méi zum Thema

Beethoven op. 26
#beethoven20

Dem Ludwig van Beethoven seng Sonat op.26 schléit eng Bréck tëschent dem Mozart an dem Chopin, an deem se eng Iddi aus dem Mozart senger Sonat "alla turca" opgräift an de Chopin zu senger berüümter "Marche funèbre" inspiréiert huet.

Ludwig van Beethoven
#beethoven20

De Beethoven war stolz op seng eeleft Sonat. An och wann dëst Wierk e méi schwéiere Stand bei de Kritiker hat, ass et dach voller Schätz. De Pianist Jean Muller geet dëse Schätz op d'Spuer.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Noriichten

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Net verpassen

  • De Schwéierpunkt am November: Depressiounen

    Depressiounen

    Wanterblues vs Wanterdepressioun, klassesch Depressioun, Angschtstéierungen, Suicide, Impakt vun der Pandemie: Mir analyséiere de Sujet aus all méigleche Bléckwénkelen 

    All Dënschdeg um 13:15

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen