De virtuelle Concertssall Planet Earth

Um Owend vum 26. Mäerz 2015 huet d'Militärmusek dem Marco Pütz säi Stéck "Time for Outrage", uropgeféiert. Fir dëst Wierk huet de Komponist sech vun engem Buch vum Stéphane Hessel inspiréiere gelooss.

Lëtzebuerger Militärmusek.jpg
D'Lëtzebuerger Militärmusek an der Philharmonie

Um Owend vum 26. Mäerz 2015 huet d'Militärmusek dem Marco Pütz säi Stéck "Time for Outrage", uropgeféiert. Fir dëst Wierk huet de Komponist sech vun engem Buch vum Stéphane Hessel inspiréiere gelooss. Am "Indignez-vous !" rifft den Auteur d'Mënschheet op sech ze engagéieren a sech géint Ongerechtegkeeten ze wieren.

D'Sinfonie Nr. 3 vum Johan de Meij ass a Kontinuitéit vum Gustav Holst senger Suite "The Planets" geschriwwen. An der Suite feelt de Planéit Äerd. Mat dëser Sinfonie rifft de Komponist d'Mënschen op eis Ëmwelt ze respektéieren.

Avner Dorman: Spices, Perfums, Toxins 00:00:00 / -01:29:38
Marco Pütz: Time for Outrage 00:24:53 / -01:04:43
Johan de Meij: Symphony Nr. 3, Planet Earth 00:41:09 / -00:48:02

Interpreten:

Lëtzebuerger Militärmusek
Ensemble Vocal vun der Käerjenger Musikschoul
Majouer Jean-Claude Braun, Direktioun
Joint Venture Percussion Duo: Rachel Xi Zhang a Laurent Warnier (Avner Dorman)


De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt de 26. Mäerz 2015 an der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis den 26. Abrëll am virtuelle Concertssall lauschteren.

Méi zum Thema

OCL
De virtuelle Concertssall

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg interpretéiert Wierker vu Komponisten, déi sech um Noen Osten an deem méi wäiten Orient inspiréiert hunn. Um Programm: Debussy, Ravel, Massenet a Fauré.

Cameron Carpenter
De virtuelle Concertssall

De Cameron Carpenter huet mat sengem poppeg Onkonventionellen am Optrieden eng nei Begeeschterung fir d'Uergel ausgeléist. Zesumme mam OPL interpretéiert hien eege Kompositiounen.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen