arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Orient et Occident

De virtuelle Concertssall

|
reading time

1 min

Orient et Occident

De 26. Januar 2014 spillt den Orchestre de Chambre du Luxembourg deen drëtte Concert aus senger Serie Orient et Occident am Kammermusekssall vun der Philharmonie. Lauschtert de Live-Matschnëtt vun dësem Optrëtt hei.

reading time

1 min

Nach ëmmer hu sech europäesch Komponiste fir d'Kultur aus dem Noen Osten oder aus dem méi wäiten Orient interesséiert. D'Wierker, déi bei dësem Concert um Programm stinn, sinn inspiréiert vu Geschichten aus deene Länner oder baséieren op den Erliefnesser vun de Komponisten.

  • André Caplet: Suite Persane: 00:00 / -55:40
  • Jean Sibelius: Belshazzar's Fest: 09:16 / -46:24
  • Kerry Turner: The Celestials of Sago Lane: 24:00 / -31:40
  • Safri Duo: Bis - Effugonetrom: 35:40 / -19:59
  • Gustav Holst: Beni Mora Suite: 39:19 / -16:18

Interpreten:

Orchestre de Chambre du Luxembourg
David Reiland, Direktioun.
Christopher Hastings, Perkussioun
Michel Mootz, Perkussioun


De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt de 26. Januar 2004 am Kammermusekssall vun der Philharmonie opgeholl.

Dir kënnt dëse Concert nach bis den 3. Abrëll 2020 am Virtuelle Concertssall lauschteren.