#beethoven20 Och e Meeschter an der ganz klenger Form

Vill Pianosschüler léieren d'Welt vum Ludwig van Beethoven senge Sonaten iwwer déi 20. kennen. E Wierk, dat trotz sengem liichten Niveau a senge pedagogeschen Aspekter net ze ënnerschätzen ass.

Beethoven
Ludwig van Beethoven (Foto: Wikimedia commons)

Kann e Wierk souwuel e pedagogeschen Aspekt hunn an awer kompositoresch usprochsvoll sinn? Mat Bléck op dem Beethoven seng 20. Sonat kann een dës Fro ouni Zweiwel mat "Jo" beäntwerten. De Jean Muller proposéiert an der Serie #beethoven20 eng Introduktioun an dëst Wierk, bei deem ee mierkt, datt de Beethoven och an der ganz klenger Form e grousse Meeschter war.

Introduktioun an d'Sonat Opus 49, Nr. 2

Sonat Opus 49, Nr. 2

Méi zum Thema

Ee Piano
#beethoven20

Déi zwou Sonaten Opus 49 sinn zesumme mam Beethoven sengen éischte Sonaten entstanen. Obwuel se e pedagogeschen Zweck hunn, weist de Beethoven och hei seng ganz Maîtrise vun der Kompositiounskonscht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen