"Er weiß nicht, welchen Weg er schreitet, aber er geht dem fernen Lichte zu - ob dies das ewig strahlende Gestirn oder ein lockendes Irrlicht ist!", esou beschreift de Gustav Mahler den Nachtwandler a senger 7. Symphonie.
Déi 7. Symphonie mécht den Ofschloss vun der Trias vun de groussen Instrumentalsymphonië vum Mahler. Aussergewéinlech un där 7. Symphonie ass d'Heterogenitéit vun der Entstehung. De Mahler huet fir d'éischt déi zwou "Nachtmusiken" komponéiert, éier hie sech mat deenen dräi anere Sätz beschäftegt huet.
D'Aarbecht um Wierk huet sech iwwer Joren higezunn. 1904 sollt am Summer déi 6. Symphonie fäerdeg geschriwwe ginn. Dem Mahler huet et allerdéngs un der néideger Inspiratioun gefeelt - par contre sinn him zwee Theemen an d'Kopp komm, déi hien als "Nachtmusiken" fir seng 7. Symphonie gebrauche wollt. 1905 housch et dunn, déi dräi aner Sätz komponéieren. 1908 war d'Partitur prett fir d'Uropféierung den 18. September zu Prag.
Gustav Mahler: Symphonie Nr. 7
Interpreten:
Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
Andris Nelsons, Direktioun
De radio 100,7 huet dëse Concert den 10. Mäerz 2016 an der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt dëse Concert nach bis den 28. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.