Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mozart mam OCL

De virtuelle Concertssall

Mozart mam OCL

Lauschtert den Orchestre de Chambre du Luxembourg ënner der Direktioun vum David Reiland am Live-Matschnëtt. Um Programm: dem Mozart seng 40. Sinfonie an dem Tschaikowksi seng Rokoko-Variatiounen.

auto_stories

1 min

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg (© Kaupo Kikkas )

Dem Wolfgang Amadeus Mozart seng 40. Sinfonie a Sol mineur KV 550 ass am Summer 1788 entstanen, dräi Wochen no der Sinfonie Nr. 39 a si gouf schonn de 25. Juli 1788 uropgeféiert. De Komponist huet seng dräi lescht Sinfonië bannent just zwee Méint komponéiert.

E grousse Fan vum Mozart war de Pjotr Iljitsch Tschaikowski, deen net nëmmen eng Orchestersuite mam Titel "Mozartiana" komponéiert huet, mee och a senge Rokoko-Variatiounen dem Mozart an der Wiener Klassik seng Reverenz erweist.

W.A. Mozart: Sinfonie Nr. 40 00:00:00 / -01:32:07
P.I. Tschaikowski: Rokoko-Variatioune fir Cello an Orchester 00:29:06 / -01:02:57
Astor Piazzolla: Tres movimentos tanguisticos 00:48:45 / -00:43:13
Manuel de Falla: Balletsmusek zu "El Amor Brujo" 01:08:22 / -00:23:44

Interpreten:

Orchestre de Chambre du Luxembourg
Nora Braun, Cello
David Reiland, Direktioun


De radio 100,7 huet dëse Concert den 3. Oktober 2015 am CAPE zu Ettelbréck opgeholl.