De Matthias Georg Monn (1717-1750) war e réputéierten Organist a Musekspedagog, dee wéinst enger Longekränkt scho mat 33 Joer gestuerwen ass. Seng Wierker weisen, datt hien e Komponist mat vill Fantasie war, virun allem an der instrumentaler Musek, iergendwéi Géigestécker zu den Experimenter vun der Mannheimer Schoul.
A sengem kuerze Liewen war de Monn déi lescht 12 Joer Organist an der Karlskirche zu Wien. Hien huet e Katalog mat ville sakrale Wierker hannerlooss, mee och instrumental Musek wéi eng 16 Symphonien, en Cello- a Geieconcerti. Et ass eng Musek, déi de spéideren Joseph Haydn erkenne léist.
Matthias Georg Monn: Sinfonia a sol majeur 00:00:00 / -01:15:56
Matthias Georg Monn: Concerto fir Cello 00:08:58 / -01:06:58
Johann Baptist Vanhal: Concerto fir Kontrabass 00:26:58 / -00:48:58
Matthias Georg Monn: Concerto fir Gei a si bémol majeur 00:47:31 / -00:28:25
Heinrich Ignaz Franz Biber: Battalia a 10 01:04:28 / -00:11:29
Interpreten:
Ensemble Les Goûts réunis
Olivier Brault, Direktioun
De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt den 1. Januar 2018 am Kader vun de Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette an der Porkierch zu Lëntgen opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis de 5. Juni 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.