De virtuelle Concertssall Matosinhos

De Sträichquartett Matosinhos ass am Kader vun der Serie Rising Stars zu Lëtzebuerg an der Philharmonie opgetrueden. Um Programm vum Live-Matschnëtt steet Mozart, Schostakowitsch, a Ravel.

Quartet
Matosinhos Quartet (Foto: Philharmonie.lu)

2007 huet sech de portugisesche Sträichquartett Matosinhos gegrënnt. D'Museker hu sech am Kader vun hire Studien op der Academia Nacional Superior de Orquestra zu Lissabon kennegeléiert. No der Grënnung sinn di véier Museker nach ee Joer op Madrid gaangen, fir am Instituto Onternacinal de Música de Cámera beim Geiist Rainer Schidt (Hagen Quartett) ze léieren.

An der Saison 2014/2015 war de Matosinhos Quartett an der Serie Rising Stars an den Internationale Musekshaiser ënnerwee, mat engem Programm vu Klassik bis an d'20. Joerhonnert.

Wolfgang Amadeus Mozart: Sträichquartett Nr.16, KV 428 00:00:00 / -01:29:59
Dmitri Shostakovitsch: Sträichquartett Nr.8, opus 110 00:24:57 / -01:05:02
José Vianna d Motta: Scenas nas Montanhas, opus 14 00:46:31 / -00:43:29
Félix Mendelssohn Bartholdy: Sträichquartett, opus 13 54:44 / -00:35:13
Maurice Ravel: Sträichquartett, 2. Satz BIS 01:23:45 / -00:06:12


De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt de 8. Dezember 2014 am Kammermusekssall vun der Philahrmonie opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis den 27. Abrëll 2020 am vrituelle Concertssall lauschteren.

Méi zum Thema

Lëtzebuerger Militärmusek.jpg
De virtuelle Concertssall

Lauschtert de Live-Matschnëtt vum 26. Mäerz 2015 mat der Militärmusek. Um Programm steet d'Uropféierung vum Marco Pütz sengem Stéck "Time for Outrage".

Music notes
De virtuelle Concertssall

Ënner dem Motto Klezmer an Tango proposéiere fënnef Enseignanten aus dem Escher Conservatoire ee méi populäre Programm mat Stécker vum Astor Piazzolla, Andreas Nebl an Antonio Pansera.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen