Ënner dem Titel "Camerata" organiséieren d'Solistes Européens, Luxembourg eng Kammermuseksserie am Kammermusekssall vun der Philharmonie.
Ënner dem Motto "Romantische und zensierte Progressivität" huet de Kürzenich Quartett vu Köln zesumme mat der Cathy Krier e wichtegt Kammermusekswierk aus dem Enn vum 19. Joerhonnert vum Brahms erausgewielt, wéi och eent aus dem 20. Joerhonnert vum Schostakowitsch.
Johannes Brahms: Sträichquartett, opus 51 00:00:00 / -01:05:09
Dmiti Schostakowitsch: Pianosquintett, opus 57 00:33:11 / -00:31:59
Interpreten:
Gürzenich Quartett Köln
Cathy Krier, Piano
De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt de 15. Dezember 2014 am Kammermusekssall vun der Philahrmonie opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis den 25. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.