Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Welt voller Iddien

#beethoven20

Eng Welt voller Iddien

A sengem Opus 10 weist de Beethoven seng Kreativitéit a säin Humor. An engem Saz huet d'Schicksalsmotiv en éischten Optrëtt, bei engem anere wierkt de Pianist, wéi wann hien d'Noute vergiess hätt.

auto_stories

1 min

A sengen dräi Sonaten Opus zéng entwéckelt de Beethoven d'Usätz weider, déi hien a sengen éischte Sonaten ausprobéiert huet. De Spektrum vun der Expressioun gëtt nach méi breet, iwwerdeems d'Form kondenséiert gëtt. Et sinn explosiv Wierker mat ganz verschiddene Charakteren. An engem Saz huet dat bekannt Schicksalsmotiv aus der fënnefter Sinfonie e fréien éischten Optrëtt, an engem anere léisst de Beethoven den Interpret esou ausgesinn, wéi wann hien d'Noute vergiess hätt.

Introduktioun an den Opus 10

Opus 10, Nr. 1

Opus 10, Nr. 2

Opus 10, Nr. 3