#beethoven20 E verléifte Beethoven?
Obwuel den offiziellen Titel vum Beethoven senger véierter Sonat "Grande sonate opus 7" ass, gouf se vun Zäitgenosse "Der Verliebte" genannt. De Beethoven soll sech a seng Schülerin Babette Gräfin von Keglevich verléift hunn, déi Persoun, där dës Sonat dediéiert ass.

Déi véiert Sonat vum Ludwig van Beethoven gouf mat enger eegener Opusnummer publizéiert. Eigentlech war et deemools üblech e puer Wierker ënner engem Opus ze regruppéieren. Dëst ass awer net dat Eenzegt, wat dem Bethoven seng "Grande sonate opus 7" besonnesch mécht.