#beethoven20 Die Schöne und das Biest

En ongewéinleche Spëtznumm fir en ongewéinlecht Wierk: De Pianist Jean Muller proposéiert eng Introduktioun an dës net ëmmer ganz zougänglech, dofir awer schéin a lyresch Sonat Opus 54.

Jean Muller Piano

Schéin, lyresch a mat vill Kaméidi deen een als Interpret net ofschwäche kann: Dem Ludwig van Beethoven seng Sonat Opus 54 ass e Kuriosum. Dat geet och aus dem Spëtznumm "Die Schöne und das Biest" ervir. De Jean Muller verréit an der Emissioun #beethoven20, firwat dëst Wierk esou genannt gëtt a wéi ee Passage hien ëmmer emotional beréiert.

Introduktioun an d'Sonat Opus 54

Sonat Opus 54

An der Mediathéik:

#beethoven20 / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Sonate
#beethoven20

De Jean Muller proposéiert eng Introduktioun an d'Sonat Opus 53 déi ënner Pianisten a Melomanen e scho bal legendäre Ruff huet. Dëst Wierk stécht nämlech net nëmme wéinst sengem Titel "Waldstein" ervir.

Illustratiotun Radio
Radioslandschaft

An engem Rapport huet d'EBU d'Contributioun vum ëffentleche Radio a senge Museksaktivitéiten zu der europäescher Wirtschaft chiffréiert. Et ass déi éischte Kéier, datt dat geschitt.

Chouer
Musek

D'Chouersange gouf staark vum Corona getraff. Wéi ass d'Situatioun elo, no der Rentrée? Wéi héich ass d'Motivatioun fir nees mam Sangen unzefänken? Mir hu bei dräi Acteuren aus der Zeen nogefrot.

Stuerm Blëtzer
#beethoven20

Am éischte Saz vum Beethoven senger Stuermsonat pralle grouss Kontraster openeen. Den Adagio gehéiert zu deene schéinsten an awer och dramateschste Sätz, déi de Beethoven geschriwwen huet.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen