Radioen

On air

Owesconcert  |  Trouvez l'intrus!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claritmico

De virtuelle Concertssall

Claritmico

Den Ensemble Claritmico huet sech no enger Kompositioun fir Klarinettesextett vum J.-P. Frisch benannt. Am Kader vun de Soirées Musicales de Bissen proposéiert den Ensembel Händel, Vivaldi a Frisch.

auto_stories

2 min

Den Ensemble Claritmico huet sech no enger Kompositioun vum Jean-Paul Frisch benannt, déi den Trombonist a Komponist fir de Klarinettesextett geschriwwen hat.

De Jean-Paul Frisch koum 1945 zu Péiteng op d'Welt an ass an engem ganz musikaleschen Elterenhaus opgewuess. No senge Studie gouf hie Professer am Stater Conservatoire an de Fächer Trombonn, Harmonie a Solfège.

Nieft senger pedagogescher Aarbecht war de Jean-Paul Frisch och Dirigent vu verschiddene Blosorchesteren. Säin Numm gëtt absënns a Verbindung mat der Harmonie vun Uewerkäerjeng genannt, wou hie bis zulescht och President vun der Amicale war.

Als Komponist huet de Jean-Paul Frisch quasi an all Genre geschriwwen: Kammermusek, sakral Chouerwierker, virun allem awer Wierker fir Harmonieorchester - um Enn stoung ee Katalog vun iwwer 100 Kompositiounen. De Jean-Paul Frisch ass de 27. Abrëll 2013 gestuerwen.

  • G.F. Händel: Music for the Royal Fireworks: 00:00:00 / -01:10:18
  • Antonio Vivaldi: Concerto RV 493: 00:17:44 / -00:52:33
  • Oscar Navarro: Il Concerto: 00:26:26 / -00:43:53
  • Paul Harvey: Puerto Rican Suite: 00:47:47 /-00:22:32
  • Bela Bartok: Danses roumaines popularies 00:58:20 / -00:11:52
  • Jean-Paul Frisch: Claristata 01:05:35 / - 00:04:42
  • Paul Harvey: Preciosa 01:07:18 / -00:03:15

Interpreten:

Ensemble Claritmico:
Gérard Frisch, Klarinette mib
Romain Gross, Romain Asselborn, Klarinett sib
Roland Schiltz, Alt-Klarinett
Sébastien Duguet, Bass-Klarinett
Marcel Lallemang, Kontrabass-Klarinett


De radio 100,7 huet dëse Concert den 1. Oktober 2016 am Kader vun de Soirées Musicales de Bissen opgeholl. Dir kënnt dëse Concert nach bis de 16. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.