#beethoven20 Appassionata
En Titel deen der dramatescher Dimensioun vum Beethoven senger 23. Sonat net gerecht gëtt. De Pianist Jean Muller gëtt an Abléck an dëst Wierk, dat vun der Luucht an d'Däischtert féiert.

Wärend vill Wierker de Wee vun der Däischtert an d'Luucht beschreiwen, geet de Beethoven a senger 23. Sonat an déi aner Richtung. Dëst Stéck géif zu deenen düstersten an trageschste Wierker gehéieren, déi de Komponist geschriwwen huet, seet de Jean Muller. Den Titel "Appassionata" géif dëser Dimensioun net gerecht ginn.